Konferenz iwwert den Héichuewen „C“

An dëser Konferenz vum Nicolas Arendt a vun der Zoé Konsbruck, gëtt op de Parcours vum Héichuewen „C“ zeréckgebléckt, deen 1995 no engem gréisseren techneschen Tëschefall um Site vu Belval zougemaach, an duerno u China verkaaft gouf, wou en nach bis 2024 a Betrib bliwwen ass.

Organiséiert vun der Universitéit Lëtzebuerg a vum Département du Patrimoine Historique et Industriel de la Ville d’Esch-sur-Alzette.

 

Wéini?

  • Donneschden, 4. Juni 2026 um 19:00 Auer

Wou?

  • Atelier Central, Metzeschmelz
    1, rue Léon Lamort
    L-4335 Esch-sur-Alzette

Navette :

  • Parking Aloyse Meyer (Portail Esch-Lallange)