Forum Z – Lokal Geschicht ganz no

Forum Z – Lokal Geschicht ganz no: perséinlech Krichserfarungen zu Schëffleng 

 

Hutt Dir Erënnerungsstécker (Dokumenter, Tagebicher, Bréiwer a Fotoen) vun Ärer Famill aus dem Krich zu Schëffleng?

De Resistenzmusée an d’Uni Lëtzebuerg interesséieren sech fir Är Geschicht an invitéieren Iech häerzlech den 22. Februar 2023 op de Forum Z iwwer Krichserfarungen zu Schëffleng.

Kommt bis laanscht ab 16.00 Auer an der Salle Grand-Duc Jean an der Schëfflenger Gemeng (11, Avenue de la Libération, L-3801 Schifflange).

 

Informatiounen an Umeldungen

(+352) 54 84 72 26

 

Fir méi Informatiounen iwwert de Projet: https://digiwarhist.hypotheses.org/

 

 

An hei nach d’Affiche vum Forum Z