Danz an d’Fréijoer
D’Club Haus beim Kiosk presentéiert Iech:
Danz an d’Fréijoer mam Lisa Mariotto
Verbréngt e puer flott Stonnen a geselleger Ronn. Dëse Fréijoers-Menü preparéiere mär fir Iech:
- Soupe printanière
- Filet de poisson, sauce mousseline, épinards, pommes duchesse
- Dessert autour de fruits rouges
Dëse Menü stäerkt Iech fir d’éischt an da sidd Där voller Energie fir op Danzpist an op d’Musek vum Lisa Mariotti ze danzen.
Eng Blummentombola mat schéine Planzen erwaart Iech.
Loosst Iech dëse gesellegen Nomëtteg net entgoen a mellt Iech un.
Sonndes, den 23. Abrëll um 12 Auer
Präis: 45€