14.10.2025

Eng flott Biergerinitiativ fir d’Ëmwelt!

LU

Eng flott Biergerinitiativ fir d’Ëmwelt!

Motivéiert duerch de gemeinsame Wëllen, e positive Beitrag zum Ëmweltschutz ze leeschten, hunn d’Häre Fries, Bertholet, Daubenfeld, Marozzi a Schütz der Gemeng virgeschloen, en Insektenhotel ze bauen.

D’Gemeng huet dës Initiativ natierlech ënnerstëtzt – zesumme mat der Naturverwaltung – andeems si eng Plaz zur Verfügung gestallt huet (um Wee, deen de Val des Aulnes verlängert) souwéi dat néidegt Material, wouvun e groussen Deel aus zweeter Hand kënnt.

Wéi op de Fotoen ze gesinn ass, ass d’Resultat net nëmmen nëtzlech fir d’Natur, mee och ästhetesch. Loosse mer hoffen, datt dës Aktioun aner Bierger dozou inspiréiert, sech och fir d’Ëmwelt anzesetzen.

E grousse Merci un dës engagéiert a kreativ Ekipp.

 

FR

Une belle initiative citoyenne en faveur de l’environnement !

Animés par une volonté commune de contribuer à la protection de l’environnement, les messieurs Fries, Bertholet, Daubenfeld, Marozzi et Schütz ont proposé à la Commune la création d’un hôtel à insectes.

La commune a naturellement soutenu cette démarche, en partenariat avec l’Administration de la nature et des forêts, en mettant à disposition un emplacement (le chemin prolongeant le Val des Aulnes) ainsi que le matériel nécessaire – dont une grande partie provient de la récupération.

Le résultat, visible sur les photos, est à la fois utile et esthétique. Espérons que cette initiative inspirera d’autres actions citoyennes !

Un grand merci à cette équipe engagée et créative.

 

DE

Eine schöne Bürgerinitiative für die Umwelt!


Mit dem gemeinsamen Wunsch, aktiv zum Umweltschutz beizutragen, wandten sich die Herren Fries, Bertholet, Daubenfeld, Marozzi und Schütz mit dem Vorschlag, ein Insektenhotel zu errichten, an die Gemeinde.

Die Gemeinde unterstützte dieses Projekt selbstverständlich – in Zusammenarbeit mit der Naturverwaltung – und stellte sowohl den Standort (am Weg, der das Val des Aulnes verlängert) als auch das benötigte Material zur Verfügung, wobei ein Großteil davon aus wiederverwendeten Ressourcen stammt.

Das Ergebnis, wie auf den Fotos zu sehen, ist sowohl nützlich als auch ästhetisch. Hoffen wir, dass diese Initiative weitere Bürgerinnen und Bürger zu ähnlichem Engagement inspiriert!

Ein großes Dankeschön an dieses engagierte und kreative Team.