IDAHOBIT édition 2024
FR
Le 17 mai 2024, la Maison des jeunes de Schifflange, en partenariat avec la Commune de Schifflange, a organisé une après-midi dédiée à la tolérance et au respect dans le cadre de la Journée internationale de lutte contre l’homophobie, la biphobie et la transphobie (IDAHOBIT).
L’événement – qui a changé de lieu en dernière minute à cause de la météo – a été marqué par diverses activités. En collaboration avec les artistes Gilles Lanners, alias Knox, et Chiara Morette deux ateliers créatifs sur le thème de la diversité ont été proposés, offrant aux participants l’opportunité d’exprimer leur créativité tout en abordant des questions importantes.
Par ailleurs, l’équipe du Lëtz Pole’n’dance a apporté une dimension artistique et sportive à la journée en réalisant une démonstration de danses acrobatiques et en animant un atelier sportif ouvert à tous.
En complément, des stands d’information du Planning Familial ont été mis en place, permettant aux visiteurs de s’informer sur des sujets essentiels liés à la santé et à la sexualité. Tout ceci accompagné par le set du DJ Tbeats dans le bâtiment du Schëfflenger Haff.
Enfin, des témoignages ont été partagés par des personnes ayant vécu des discriminations, offrant ainsi une réflexion concrète sur les enjeux de l’inclusion et de la diversité.
Cette journée a été une occasion précieuse de sensibilisation et d’échange, témoignant de l’engagement de notre communauté en faveur d’un monde plus inclusif et respectueux de chacun.
LU
De 17. Mee 2024 huet d’Schëfflenger Jugendhaus an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Schëffleng, en Nomëtteg fir Toleranz a Respekt am Kader vum Internationalen Dag géint Homophobie, Biphobie an Transphobie (IDAHOBIT) organiséiert.
Dëst Evenement, dat spontant wéinst dem Wieder an de Schëfflenger Haff deplacéiert huet misse ginn, huet de Visiteure flott Aktivitéite gebueden, déi si zum Nodenke konnt bréngen: an Zesummenaarbecht mat de Kënschtler Gilles Lanners aka Knox an dem Chiara Morette goufen zwee Kreativ-Atelieren zum Thema Diversitéit ugebueden, déi de Participanten d’Méiglechkeet ginn hunn, hir Kreativitéit auszedrécken a sech mat wichtegen Themen auserneen ze setzen. Donieft huet d’Equipe vum Lëtz Pole’n’dance dem IDAHOBIT eng akrobatesch a sportlech Dimensioun ginn andeems si Dänz gewisen an e Sportsatelier ugebueden hunn.
Sur place waren och, nieft dem Set vum DJ Tbeats, en Informatiounsstand vum Planning Familial, wou d’Visiteure sech iwwert wichteg Themen am Zesummenhang mat Gesondheet a Sexualitéit informéiere konnten an et goufen Zeienaussoe vu Leit, déi Diskriminatioun erlieft haten, gedeelt.
Dësen Dag war eng wäertvoll Geleeënheet fir Sensibiliséierung an Austausch an zesummen konnt en Zeeche fir méi Gläichberechtegung a géint Diskriminatioun gesat ginn.