27.10.2023

Une soirée de bienvenue bien visitée

FR

Le 26 octobre 2023, le Collège échevinal a invité à sa traditionnelle « Soirée de Bienvenue » à la Salle Grand-Duc Jean.

Tous les nouveaux habitants qui ont choisi Schifflange comme nouveau domicile en 2022 et 2023 ont pu profiter à cette soirée d’information.

Le bourgmestre Paul Weimerskirch avec des membres du Conseil communal ainsi que des commissions de l’intégration et des citoyens a accueilli chaleureusement les nouveaux résidents et leur a donné des explications importantes et intéressantes sur Schifflange. Tous les ménages ont également reçu un kit de bienvenue comme cadeau et on pu se renseigner auprès des divers stands d’information (Pakt vum Zesummeliewen, Agence interculturelle ASTI, Syndicat d’Initiative et de Tourisme, CGDIS, Ecrivain Public).

La soirée a été clôturée par un vin d’amitié et les 180 participants, qui ont suivi l’invitation, ont pu poser leurs questions et s’échanger l’un avec l’autre et se divertir à la boîte à photos.

 

LU

De 26. Oktober 2023 hat de Schäfferot op d’„Soirée de Bienvenue“ an d’Salle Grand-Duc Jean agelueden.

All Schëfflenger Neibierger, deen tëscht 2022 an 2023 d’Gemeng Schëffleng als seng nei Heemecht erausgesicht hat, war op dësen Informatiounsowend invitéiert ginn.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch huet a Presenz vu Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot sou wéi der Integratiouns- a Biergerkommissioun d’Leit häerzlech begréisst an hinne wichteg Informatiounen an Erklärungen iwwert eis Gemeng ginn. Dozou krut all Famill och nach e flotte « Kit de Bienvenue » als Kaddo. E ganz neit Element waren déi sëlleg Info-Stänn (Pakt vum Zesummeliewen, Agence interculturelle ASTI, Syndicat d’Initiative et de Tourisme, CGDIS, Ecrivain Public) bei deenen d’Leit sech iwwert verschidden Thematike renseignéiere konnten.

Fir den Owend gemittlech auslafen ze loossen, huet de Buergermeeschter op e Patt invitéiert an déi ronn 180 Leit, déi ugemellt waren, haten Méiglechkeet hir Froen ze stellen, hir Uleiesse lasszeginn a sech bei der interaktiver Fotobox z’amséieren.