30 Joer Asbl “Garderie fir Kanner”
LU
De 15. Juni 2023 huet de Schäfferot vun der Gemeng Schëffleng d’Asbl “Garderie fir Kanner” (de Comité vun der Asbl, d’Personal vun der Maison Relais a vun der Crèche Stuppesland) op en Owesiessen invitéiert fir mat hinnen zesummen hiren 30. Gebuertsdag ze feieren.
Säitens der Gemeng huet de Buergermeeschter, Paul Weimerskirch, de Responsabel a Mataarbechter vun der Maion Relais seng beschte Gléckwënsch iwwerbruet an hinne weiderhin vill erfollegräich Jore gewënscht.
D’Presidentin, Madamm Viviane Schreiner, huet hirersäits der Gemeng Merci gesot fir déi gutt Zesummenoarbecht an d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng, mee och dass d’Oarbecht am sozio-edukative Beräich net ëmmer einfach ass. Dofir ass si immens houfreg op hir Ekipp.
FR
Le 15 juin 2023, le Collège des bourgmestre et échevins de la Commune de Schifflange avait invité l’asbl “Garderie fir Kanner” (le comité de l’asbl, le personnel de la maison relais et de la crèche Stuppesland) à un dîner pour fêter leur 30e anniversaire.
Au nom de la commune, le bourgmestre Paul Weimerskirch a transmis ses meilleurs vœux aux responsables de la maison relais et leur a souhaité beaucoup de succés pour les années à venir.
La présidente de l’association, Madame Viviane Schreiner, quant à elle, a remercié la commune pour la bonne collaboration et le soutien du côté de la commune et avait expliqué que le travail dans le milieu socio-éducatif n’est pas toujours facile, mais qu’elle est fière de toute son équipe.