Gléckwonsch Jugendhaus!
Am Kader vum 18. Gebuertsdag vum Schëfflenger Jugendhaus huet d’Ekipp mat hire Jonken op eng gemitterlech Soirée invitéiert.
Säit senger Grënnung war an ass d’Jugendhaus e wichtegen Treffpunkt fir Jonker tëschent 12 a 26 Joer an e wichtege Partner fir d’Gemeng an der Sensibiliséierung an an der Zesummenaarbecht mat a fir d’Jugend hei an der Gemeng.
Nieft dem wëchentleche Programm wärend de regulären Ëffnungszäite vum Jugendhaus bitt d’Ekipp nach vill weider Projeten:
– Zukunftsdiplom
– Outreach Youth Work
– Formatioun Animateur A
– Vakanzenaktivitéiten an der Summervakanz
– Divers Sensibiliséierungsprojeten (IDAHOBIT Day, Recycle Planet, Solar-Projet asw.)
– kleng Ausflich a Vakanzen am In- an Ausland
– sportlech Aktivitéiten (Boulderen, Klammen, Mountainbike-Fueren, Snow-Projet. asw.)
Op der Homepage vum Jugendhaus kënnt Dir Iech iwwert de Programm um Lafenden halen an Iech en Androck vu vergaangene Projete maachen.
Mir freeën eis op weider flott Joren!
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2023/06/IMG_3283.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2023/06/PHOTO-2023-05-30-15-35-421.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2023/06/PHOTO-2023-05-30-15-35-42.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2023/06/PHOTO-2023-05-30-15-35-431.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2023/06/PHOTO-2023-05-30-15-35-43.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2023/06/PHOTO-2023-05-30-15-35-44.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2023/06/PHOTO-2023-05-30-15-35-451.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2023/06/PHOTO-2023-05-30-15-35-45.jpg)