02.05.2023

Bamplanzaktioun fir déi Neigebueren vun 2022

LU
Dëse Weekend goufen an der Gemeng Schëffleng nees fläisseg Beem an Uebststräich geplanzt. Déi traditionell Aktioun bei deier all Neigebuerent Kand e spezielle Kaddo gemaach kritt, dëst Joer ee Vullenhaischen an een Uebststrauch,  huet dozou bäigedroen dat an der Vergangenheet ronn 1500 Uebstbeem zu Schëffleng geplanzt gi sinn. De Naturschutz ass een Thema dat der Gemeng Schëffleng um Häerz läit a wou och d’Bierger:innen aktiv matagebonne solle ginn.

Dëst Joer huet d’Event op der Spillplaz an der Cité am Paerchen stattfonnt an et goufe symbolesch fir all d’Kanner vun 2022 dräi Beem geplanzt: ee Bergahorn, ee Spitzahorn an ee Kiischtebam.

2022 si ronn 150 Kanner zu Schëffleng gebuer ginn a bal 50 Famille sinn dem Opruff nokomm an hunn sech bereet erkläert ee Strauch ze planzen. Hinnen e grousse Merci!

FR
Offrir un arbre ou arbuste fruitier à chaque nouveau-né constitue une vieille tradition ici à Schifflange. Ainsi, 1500 fruitiers ont été plantés ces 25 dernières années pour les nouveau-nés et lors des Journées nationales de l’Arbre. Ce weekend 50 familles se sont rencontrés sur l’aire de jeux de la Cité am Paerchen, où trois arbres ont été plantés symboliquement pour tous les nouveau-nés de l’année 2022. En plus des arbustes, la commune a offert aux participants de l’événement un nichoir et un hotel pour insectes qui pourraient être installés dans les jardins privatifs.

La protection de la nature est un sujet qui nous tient particulièrement à cœur, ainsi nous remercions toutes les familles qui ont répondu à notre appel et qui ont participé à cette action.

Weider Fotoen an der Galerie / Plus de photos dans la galerie