06.02.2023

Kuck a Klick – Sécherheetsdeeg

LU_Et ass déi 6. Kéier wou d’Schëfflenger Gemeng zesumme mam Centre de Formation pour conducteurs de Kuck a Klick organiséiert.
D’Schoulkanner aus dem Cycle 2.1 hu gutt opgepasst wéi d’Madamm Dammé an den Här Meder hinnen d’Welt vum Stroosseverkéier, duerch flott Aktivitéiten a Spiller, méi no bruecht hunn. Insgesamt wäerten wärend deenen 3 Deeg, 8 Klassen an 117 Kanner aus 3 verschiddene Schoulen (Nelly Stein, Lydie Schmit an Albert Wingert) um Event deelhuelen.
Zil ass et fir d’Kanner op d’Geforen vum Stroosseverkéier opmierksam ze maachen, an dëst net nëmmen aus der Siicht vum Foussgänger , mee och als Bäifuerer am Auto.

De 6. Februar 2023 huet de Schäfferot zesumme mat de Memberen aus dem Gemengerot all de Leit déi un dësem Projet bedeelegt ware Merci gesot a sech e Bild vun dem flotte Parcours gemaach deen opgestallt ginn ass fir Situatiounen am Verkéier nozestellen.

 

FR_Il s’agit de la 6e édition du projet « Kuck a Klick », organisée par la Commune de Schifflange et le Centre de Formation pour conducteurs. Les écoliers du cycle 2.1 étaient très attentifs lorsque Madame Dammé et Monsieur Meder leur ont expliqué le monde du trafic routier à travers de multiples activités et jeux ludiques. En tout 8 classes contenant 117 enfants provenant des trois écoles schifflangeoises (Nelly Stein, Lydie Schmit et Albert Wingert) ont participé  au projet sur une période de trois jours. L’objectif consiste dans le fait de sensibiliser les enfants  par rapport aux dangers du trafic routier et cela non seulement du point de vue des piétons mais également du point de vue des passagers d’un véhicule.

En date du 6 février 2023, dans le cadre du lancement du « Kuck a Klick » le Collège des bourgmestre et échevins et les membres du Conseil communal ont remercié tous les intervenants du projet après avoir eu un aperçu des activités proposées.