11.01.2023

Recyclage vun ale Chrëschtbeemercher

LU
Nodeems d’Gemeng Schëffleng dës Woch déi al Chrëschtbeemercher agesammelt huet ass de Gemengenatelier scho fläisseg amgaangen déi éischt Beemercher ze « recycléieren » an an Holzhackschnitzel ëmzewandelen. D’Iwwerreschter vun deenen insgesamt 800 Beemercher wäerte fir Eventer oder an de Grénganlage vun der Gemeng genotzt ginn.

FR
Après que la Commune de Schifflange a ramassé cette semaine les vieux sapins de Noël, l’atelier communal est déjà en train de « recycler » les premières branches des arbres et de les transformer en copeaux de bois. Les résidus des 800 arbres seront utilisés pour des manifestations ou dans les espaces verts de la commune.