Formatioun Animateur A (16 – 30 Joer)
D’Gemeng Schëffleng proposéiert och 2023 an Zesummenaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus dës Formatioun. Domat kann ee spéider als Animateur/Animatrice un Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher an de Schoulvakanzen deelhuelen an zesumme mat de Responsabelen Aktivitéiten organiséieren, duerch féieren an d’Participante begleeden.
D’Formatioun gëtt vum Service Nationale de la Jeunesse zertifiéiert a fënnt zu Schëffleng an an der Ëmgéigend statt.
Schwéierpunkte sinn:
– Rôle vum Animateur
– Entwécklung vu Kanner an Jugendlechen
– Kommunikatioun
– Sécherheet a Risiken
– Handlungsméiglechkeeten a schwierege Situatiounen
– Ëmgang mat Konflikter
– Éischt Hëllef
– Gesond Iessen
– Aktivitéitsspezifeschen Input
Datumer 2023:
– 25. an 26. Februar
– 25. an 26. Mäerz
– Teamdag 03. Juni
– 2 Deeg Ministage am Schëfflenger Jugendhaus, d’Datumer heifir gi mam Animateur zesumme festgeluecht.
Umeldung
bis den 31. Januar iwwer Info@schëfflenger-jugendhaus.lu
Präis 55€