08.08.2022

Nationale Referendum

Matdeelung

vun der Gemeng Schëffleng am Kader vun den Artikelen 8 an 9 vum ofgeännerten Gesetz vum 4. Februar 2005 iwwert den nationale Referendum

 

De Schäfferot

Vu d’Demande vum Comité d’initiative vum 26 Juli 2022, déi de Premier- a Staatsminister de 27 Juli 2022 kritt huet, fir e Referendum iwwert d’Propositioun vun der Revisioun vun de Kapitel IV a Vbis vun der Verfassung ze organiséieren;

Vu d’Décisioun vum Premier- a Staatsminister vum 29 Juli 2022 iwwert d’Recevabilitéit vun där Demande;

Vu d’Kommunikatioun vum Premier- a Staatsminister am Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg, Memorial A vum 5. August 2022, an Ausféierung vum Artikel 5 vum ofgeännerten Gesetz vum 4. Februar 2005 iwwer den nationale Referendum;

informéiert

d’Wieler, déi d’Walrecht fir d’Chamberswalen hunn an déi an der Gemeng Schëffleng domiciliéiert sinn, datt si d’Demande iwwert d’Ofhale vun engem Referendum iwwert d’Propositioun vun der Revisioun vun de Kapitel IV a Vbis vun der Verfassung, déi an éischter Liesung den 13. Juli 2022 vun der Chamber ugeholl ginn ass, ënnerstëtze kënnen, andeem si sech an de Lëschten aschreiwen, déi an der Gemeng vum 20. August 2022 bis den 13. September 2022 abegraff, opleien.

Wärend dëser Period sinn d’Lëschten op folgende Plazen an zu folgenden Zäiten zougänglech:

 

Uert:   Am  Büro vum “Guichet unique” vu der Gemeng Schëffleng

Deeg an Zäiten:  Méindes bis Freides vun 08.00 – 12.00 Auer a vun 14.00 – 17.00 Auer

Samschdes vun 10.00 – 12.00 Auer

 

Den Text vun der Propositioun vun der Revisioun vun de Kapitel IV a Vbis vun der Verfassung kann op den uewe genannte Plaatzen an zu den uewe genannten Zaiten agesi gin.

Fir d’Demande iwwert de Referendum z’ënnerstëtzen muss de Wieler sech perséinlech op senger Gemeng presentéieren. De Wieler muss säin Numm, seng Virnimm a seng Adress dem zoustännegen Agent matdeelen an eng gülteg Pièce d’identité virweise kënnen.

Nodeems den Agent kontrolléiert huet ob de Wieler op de Wielerlëschten agedroen ass, leet den Agent dem Wieler d’Aschreiwungslëschte vir an dréit dem Wieler säin Numm, seng Virnimm a säi Gebuertsdatum an.

Nodeems de Wieler dës Aschreiwunge kontrolléiert huet, ënnerschreift hien d’Lëscht.

De Wieler deen duerch e physeschen Handicap net ënnerschreiwe kann, däerf sech vun enger Persoun begleede loossen, déi a sengem Numm ënnerschreiwen däerf. Dës begleedend Persoun däerf kee kommunaalt, nationaalt oder europäescht Mandat bekleeden, si muss liesen a schreiwe kënnen an däerf net gemäß de Bestëmmungen vum Artikel 6 vum ofgeännerten Walgesetz vum 18. Februar 2003, vum d’Walrecht ausgeschloss sinn.

Et däerfen déi Wieler ënnerschreiwen déi den Dag virum Ufank vun der Ënnerschrëfte Sammlung op de Wielerlëschte fir d’Chamberwalen agedroe sinn.

Déi Wieler déi net op der Wielerlëscht vun der Gemeng stinn, mussen eng Décisioun vum Buergermeeschter vun hirem Wunnuert respektiv vun enger Geriichtsinstanz virweise kënnen déi bezeit datt si d’Walrecht an där Gemeng hunn.

Déi Wieler déi zwar op dëse Wielerlëschten agedroe sinn, mee déi hiert Walrecht duerch eng gesetzlech Bestëmmung oder duerch e Geriichtsbescheed oferkannt kritt hunn, däerfe sech net un der Ënnerschrëfte Sammlung bedeelegen.

All Wieler däerf nëmmen eemol d’Lëscht ënnerschreiwen. D’Ënnerschreiwen am Numm vun enger drëtter Persoun ass verbueden ausser am Fall wou eng Persoun eng handicapéiert Persoun begleet.

D’Ënnerschrëft vum Wieler op der Lëscht bedeit datt dëse Wieler d’Demande fir d’Ofhale vun engem Referendum ënnerstëtzt.

Dës Demande ass nëmmen dann ugeholl, wa 25.000 Wieler se ënnerstëtzen.

 

 (s.) De Schäfferot

 

Communication de la Commune de Schifflange – référendum (FR)

Mitteilung der Gemeinde Schifflingen – Referendum (DE)