18.07.2022

Muppentoilette / toilette pour chiens

LU

Mir wollten eis Bierger drun erënneren, datt et hei zu Schëffleng direkt e puer “muppegerecht” Plaze ginn, déi kënne genotzt ginn, wann Dir mat Ärem Hond spadséiere gitt. Leider geschitt et ëmmer erëm, datt dat “grousst Geschäft” um Trottoir leie bleift. Dëst muss net sinn. Denkt dofir w.e.g. drun, ëmmer eng Tut anzepaken, fir de Fall, wou de Struppi et eemol net op déi richteg Plaz packt.

Säit 2021 hu mir dofir och um Biergemer Wee eng nei Muppespillwiss. Et handelt sech ëm eng speziell amenagéiert Fläch vun ongeféier 400 Quadratmeter, wou d’Muppen no Häerzensloscht kënne lafen a rolzen. Och eng Muppen-Toilette an en Tute-Spender sinn do virgesinn.

Merci fir Är Mathëllef. All Geste zielt!

 

FR

La Commune de Schifflange tient à rappeler aux propriétaires de chiens de respecter la propreté des lieux publics. Des distributeurs de sachets gratuits pour déjections canines se trouvent à beaucoup d’endroits dans la commune.

Depuis début 2021, une aire de jeu pour chiens comprenant un canisite (toilette publique pour chiens), dans laquellle les chiens peuvent faire leurs besoins, a été installée au Chemin de Bergem.

Merci de garder notre commune propre et de ramasser les crottes de vos chiens. Les gestes de chacun comptent !