14.07.2022

Schëffleng am Fokus vun E22 / conférence de presse

LU
Als Gemeng vum Mount (22. Juli bis 21. August 2022), huet d’Gemeng Schëffleng haut zesumme mat Esch2022 e Programm virgestallt, dee ganz am Zeeche vun der Nohaltegkeet a Veräinskultur steet. Flächeméissig gehéiert Schëffleng zwar zu de klengste Gemenge vu Lëtzebuerg, mee mat enger Bevölkerungsdicht vun 1.346 Awunner pro Quadratkilometer ass et eng ganz multikulturell Gemeng, an där méi wéi 100 verschidden Natiounen doheem sinn.

Sou ass et net verwonnerlech, datt ee vun de grousse Projete vun Schifflange2022 d’Villfalt an de kulturelle Räichtum feiert: « Europe goes Scuffelingen« .
Ausserdeem ass en zentraalt Thema vun der Europäescher Kulturhaaptstad och zu Schëffleng ganz present, neemlech d’Nohaltegkeet. Schëffleng huet sech am Kader vum Klimapakt en éiergäizegen Aktiounsplang ginn. Mat dem zweete grousse Projet « D’So vum Marxeweier« , wëll d’Gemeng d’Naturgebitt ronderëm de Schmëttbësch op eng kreativ Aart a Weis opwäerten.

Weider Informatiounen zu eise Projete fannt Dir an eiser Rubrik Esch2022, den offizielle Pressecommuniqué steet online am Newsroom vun Esch2022.

 

FR
En tant que commune du mois, Schifflange a présenté, ensemble avec Esch2022 un programme placé sous le signe du développement durable, de la culture associative et de l’Europe. Schifflange fait partie, par sa superficie, des plus petites communes du Grand-Duché. Avec 1.346 habitants/km2, la commune multiculturelle de Schifflange se situe juste après Luxembourg-Ville et Esch-sur-Alzette en termes de densité de population et accueille plus de 100 nations différentes.

Il n’est donc pas étonnant que l’un des deux grands projets de Schifflange2022 célèbre la diversité et la richesse culturelle : « Europe goes Scuffelingen ».
Connue comme l’une des communes du Luxembourg les plus performantes sur le plan écologique, Schifflange initie constamment de nouveaux projets en faveur de l’environnement. Grâce à Esch2022, la commune associe cette année la culture au développement durable, en faisant renaître une ancienne légende pour renaturer un cours d’eau au Schmëttbësch. Un deuxième projet, multidiciplinaire : « D’So vum Marxeweier ».

Pour plus d’informations sur nos projets, veuillez consulter notre rubrique Esch2022. Un communiqué de presse officiel est disponible dans le newsroom sur le site d’Esch222.