18.05.2022

Schëffleng goes Culture

Den 12. Mee 2022 huet d’Gemeng Schëffleng agelueden op d’Virstellung vun enger Hellewull kulturelle Projeten déi zum Deel och zum Programm vun Esch2022 gehéieren. De Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de Schëfflenger Koordinator fir Esch2022 hunn hei déi zwee Projete vun der Gemeng Schëffleng, wéi och aacht aner Projeten, déi d’Gemeng materiell oder finanziell ënnerstëtzt, virgestallt.

An dësem Kontext ass och a Presenz vum Museker David Ianni an dem Kënschtler Raphael Gindt de Schëfflenger Piano ageweit ginn. Hei fannt Dir de Videoclip zum Lidd, dat de Pianist extra fir Schëffleng geschriwwen huet. Méi zu der Kompositioun an dem neien Urban Piano gitt Dir hei am Making-Of-Video gewuer.

Sidd also gespaant op déi nei Broschür, déi jiddweree virun Enn Mee wäert a senger Boîte hunn. Natierlech wäert déi digital Kommunikatioun net ze kuerz kommen an dofir wäerte mer via eis nei Rubrik Esch2022 an natierlech op INSTAGRAM a Facebook eis Follower informéieren.

 

Méi Fotoe fann Dir an eiser Galerie.