11.05.2022

Bamplanzaktioun fir déi Neigebueren vun 2019, 2020 et 2021

Dëse Weekend goufen an der Gemeng Schëffleng nees fläisseg Beem geplanzt.
Déi traditionell Bamplanzaktioun fir déi Neigebueren konnt déi lescht Joer COVID-bedéngt leider net stattfannen dowéinst huet d’Gemeng Schëffleng dëst Joer, symbolësch fir d’Joergäng 2019, 2020 an 2021 jeeweils een Ahornbam geplanzt. D’Aktioun huet bei schéinstem Wieder op der Spillplaz um Schëfflengerbierg stattfonnt an de Gemengerot ass gudd an d’Schweessen geroden wéi si mat vollem Asaz d’Schëpp geschwongen hunn. Als klengen Kado fir selwer doheem ze planzen kruten déi Neigebuere vum Service de l’Urbanisme et du Développement durable en Uebststrauch, esou wéi e Vullenhaischen geschenkt. Hei kënnen d’Kanner spéiderhin hiert eegent Uebst plécke goen.

 

Weider Andréck fannt Dir an eiser Galerie.