29.04.2022

Aktioun gielt Band – Hei dierft Dir plécken!

LU

D’Aktioun « Gielt Band – Hei dierft Dir plécken! » ass eng Initiativ vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung an Zesummenaarbecht mat dem Syndicat des villes et communes luxembourgeoises (Syvicol). Déi zweet Ausgab vun dëser Anti-Gaspi-Kampagne ass de 27. Abrëll 2022 an de Bongerte vun der Gemeng Schëffleng an der Rue de Hédange lancéiert ginn.

« Hei dierft Dir plécken – Zerwéiert Iech! » D’Konzept ass ganz einfach: Wann e gielt Band op engem Uebstbam befestegt ass, dann ass d’Plécke fir de perséinleche Gebrauch erlaabt, esouguer erwënscht, fir ze verhënneren datt d’Uebst, op an ënnert de Beem, verfault ouni genotzt kënnen ze ginn.

An dësem Zesummenhang betount de Minister Claude Haagen, datt dës Kampagne zwou Mécken an engem Coup erwëscht: Si bekämpft aktiv d’Liewensmëttelverschwendung a wäert dat lokaalt Uebst op – egal ob et schéin a perfekt geformt oder e bësse méi ellen ass.

De President vum Syvicol, Emile Eicher, freet sech iwwert d’Solidaritéit vun de Gemengen. Bis elo hu 40 Gemengen un dëser Aktioun Deel geholl an et sinn 3.500 Beem mat giele Bännercher markéiert ginn.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch ënnersträicht, wéi wichtig et ass d’Biodiversitéit an déi nohalteg Ernährung an der Südregioun z’erhalen an ze fuerderen, besonnesch well dës Regioun am Oktober 2020 de Label « Biosphärereservat » kritt huet bei deem de Syndikat Pro-Sud fir d’Koordinatioun zoustänneg ass. Als éischt lëtzebuergesch Gemeng, déi beim « European Energy Award » mat GOLD ausgezeechent ginn ass, setzt sech d’Gemeng Schëffleng säit Joere fir eng nohalteg Zukunft an. 640 Uebstbeem stinn dem Public zur Verfügung a kënnen op der neier Online-Kaart, déi vu PRO-SUD am Kader vum Projet « Tutti Frutti » erstallt ginn ass, entdeckt ginn.

 

FR

Les amateurs de bons fruits locaux ont de quoi se réjouir – l’action « Gielt Band – Hei dierft Dir plécken! » est une initiative du ministère de l’Agriculture, de la, Viticulture et du Développement rural ensemble avec le Syndicat des villes et communes luxembourgeoises (Syvicol), dont la 2e édition de cette campagne anti-gaspillage a été lancée le 27 avril 2022 dans le verger communal à Schifflange situé dans la rue de Hédange.

« Hei dierft Dir plécken − Zerwéiert Iech ! » Le concept est simple : si un ruban jaune est attaché à un arbre fruitier, la cueillette pour usage personnel est autorisée, voire encouragée, pour éviter que des centaines de kilos de fruits pourrissent sur et sous les arbres.

Dans ce contexte, Monsieur le Ministre Claude Haagen a souligné que la campagne permettait ainsi de faire d’une pierre deux coups, en luttant activement contre le gaspillage alimentaire et en valorisant les fruits locaux, qu’ils soient beaux ou moches, parfaits ou mal calibrés.

Emile Eicher, président du Syvicol, pour sa part, s’est réjoui de l’élan de solidarité des communes sachant qu’à ce jour 40 communes ont participé à l’action et que 3.500 arbres ont été marqués de rubans jaunes.

Monsieur le Bourgmestre Paul Weimerskirch a souligné l’importance de préserver et de promouvoir la biodiversité et l’alimentation durable de la région du sud luxembourgeois, sachant que celle-ci a obtenu le label « réserve de biosphère » en octobre 2020 avec le syndicat Pro-Sud en charge de la coordination de la Minett UNESCO Biosphere. La Commune de Schifflange en tant que première commune luxembourgeoise à recevoir le classement GOLD au « European Energy Award » s’engage depuis des années pour un futur durbable. 640 arbres fruitiers sont à disposition du public et peuvent être retrouvés sur la nouvelle carte en ligne, réalisée par PRO-SUD dans le cadre du projet « Tutti Frutti ».

Plus d’information sur :