Eierung vum Ben Gastauer a Kevin Geniets
Felicitatiounen un « eis » Sportler!
D’Gemeng Schëffleng ass besonnesch houfreg op de Kevin Geniets an de Ben Gastauer an dofir goufe si elo offiziell geéiert!
Net méi spéit wéi gëschter – eng Woch no eiser traditioneller Soirée des Lauréats – huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch a Presenz vu Membere vum Schäffen- a Gemengerot op enger gemittlecher Receptioun an der Salle Grand-Duc Jean de Kevin Geniets fir seng national an international Exploiten an der leschter Stroossevëlossaison geéiert.
Gratuléiert a Merci gesot krut awer och de Ben Gastauer fir seng erfollegräich a flott Cycliste-Carrière. No ville Jore geet de Schëfflenger an d’Pensioun. Dofir krut net nëmmen hien e Kaddo, mee och seng Fra a seng Kanner, déi elo hire Familljepapp endlech nees ganz fir sech hunn.
Och am Numm vun der Kultur-, Sport- a Fräizäitkommissioun deenen zwee exzeptionellen Athleten e grousse Merci gesot a bonne Chance op hirem weidere Wee gewënscht.
Hei e puer Impressioune vum Owend an de Reportage vun der AMCIS:
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/11/P1110996.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/11/P1120016.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/11/P1120021.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/11/P1120032.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/11/P1120035.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/11/P1120046.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/11/P1120057.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/11/P1120072.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/11/P1120082.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/11/P1120102.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/11/P1120108.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/11/P1120109.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/11/P1120121-1.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/11/P1120134.jpg)