11.10.2021

Gedenkzeremonie fir d’Commémoration nationale

Den 9. Oktober 2021 hat de Schäfferot op d’Feierlechkeete fir den nationale Commemoratiounsdag invitéiert.

Bedéngt doduerch, dass d’Ofbauaarbechte vum zentrale Monument op der Gemengeplaz, dat am neie Park „Léonie Koullen“ nees opgeriicht wäert ginn, nach net ofgeschloss sinn, hunn d’Feierlechkeeten dëst Joer beim Monument an der „Cité um Benn“ stattfonnt.

Nom Gesang vun eisen dräi Gesangsveräiner an der „sonnerie aux morts“, gespillt vun der Schëfflenger Musek, huet de Schäfferot esou wéi d’Vertrieder vun den „Enrôlés de Force“, der „LPPD“, de Gewerkschaften an dem „Syndicat d’initiative“ Blumme virum Gedenkmonument néiergeluecht.

A senger Ried huet de Buergermeeschter ënnerstrach, datt ni däerf vergiess gi wat geschitt ass. Virun 80 Joer wollten d’Nazien d’Lëtzebuerger “eindeutschen”. Dogéint hunn d’Lëtzebuerger sech awer vehement gewiert. De 16. Oktober 1941 sinn déi éischt jiddesch Matbierger mam Zuch vu Lëtzebuerg  op “Litzmannstadt” (Polen) verschleeft ginn. Dei meescht vun hinne si leider ni méi Heem komm.

Mam Sange vun der Heemecht hunn d’Feierlechkeeten e würdegen Ofschloss fonnt.

Hei de Filmreportage