14.09.2021

MERCI fir déi Fräiwëlleg, déi no der Iwwerschwemmung am Juli 2021 gehollef hunn!

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch an d’Schäffen Albert Kalmes, Marc Spautz a Carlo Lecuit hunn 9 Gemengenaarbechter op eng kleng Receptioun invitéiert fir Merci ze soen, datt si sech fräiwëlleg gemellt hunn, an deene betraffene Gemengen (Miersch a Rosport/Mompesch) eng Hand mat unzepaken.

Et waren dat:

Carole Bemtgen
Randy Braun
Steven Da Silva
Jeff Eich
Vito Lambert
Moreno Lombardelli
Joëlle Mentz
Afonso Rodrigues
Daniel Stein

Samschdes, de 17.07.2021 ass dës Equipe aus eisem Atelier technique mat zwee Camionen an enger Camionnette op Miersch gefuer, wou si de Mierscher Aarbechtskolleege gehollef hunn de Gemengenatelier ze botzen, well dëse selwer ënner Waasser stoung.

Mëttes hu si d’Mierscher Leit ënnerstëtzt andeems si hiren Dreck ewech gefouert hunn.

Déi Woch drop (19.-21.07.) sinn si zousätzlech nach mat engem Bagger op Rosport/Mompesch gefuer an hunn eng Hand mat ugepak wou Hëllef néideg war.

Fir de Schäfferot war dëst eng Action de solidarité an de Merci ass méi ewéi meritéiert.