21.07.2021

Nohëllefscoursen / Cours de rattrapage

LU

Summerschool 2021:

Vum 30. August bis den 10. September 2021 kënnen d’Schüler aus dem Fondamental an dem Secondaire vu fräiwëllegen a gratis Nohëllefscoursë profitéieren.

D’Nohëllefscoursë baséieren op themateschen Dossieren, déi vum Ministère ausgeschafft goufen. Vum 15. Juli u kann een och op dës Dossieren op schouldoheem.lu iwwer de Schüler-IAM zougräifen. Esou kënnen och d’Schüler, déi net un der Summerschool deelhuelen, d’Matière autonom oder mat hirer Famill opschaffen, fir d’Rentrée ze preparéieren.

Wann Dir Froen zu Schouldoheem oder der Summerschool hutt, kënnt Dir d’Helpline 8002-9090 kontaktéieren.

 

FR

Summerschool 2021:

Du 30 août au 10 septembre 2021, les élèves des écoles primaires et secondaires peuvent suivre des cours de rattrapage facultatifs et gratuits.

Les cours se basent sur des dossiers thématiques élaborés par des enseignants des écoles luxembourgeoises. À partir du 15 juillet, chaque élève peut télécharger ces dossiers sur schouldoheem.lu – en utilisant son identifiant IAM. De cette façon, même les élèves qui ne participent pas à la « Summerschool » dans une école peuvent préparer la rentrée de façon autonome ou en famille.

Si vous avez des questions sur la « Summerschool » ou sur les apprentissages à la maison, vous pouvez contacter la ligne d’assistance 8002-9090.