25.06.2021

Abschid vum Jacques Welter aus dem Schëffenger Jugendhaus

Den 18. Juni 2021 gouf den Här Jacques Welter am Gemengerot fir seng wuelverdéngte Pensioun geéiert, déi hien am Januar 2021 ugefaangen huet.

De Jacques huet säit 2004 d’Koordinatioun vum Schëfflenger Jugendhaus iwwerholl. Den Här Buergermeeschter Paul Weimerskirch sot dem Jacques “Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht, seng Virreiderroll an der Erliefnespedagogie hei zu Lëtzebuerg a virun Allem: fir seng wichteg Aarbecht mat eiser a fir eis Jugend” an huet dem Jacques a Presenz vum Gemengerot ee Kaddo iwwerreecht.