22.06.2021

Nationalfeierdag 2021

Am Virfeld vun eisem Nationalfeierdag hat d’Gemeng och dëst Joer nees eng akademesch Sëtzung am Centre Sportif organiséiert.

Eng 100 Leit aus dem ëffentleche Liewe konnt de Buergermeeschter Paul Weimerskirch begréissen, ënner anerem den Éierebierger Jean Spautz an den Éierebuergermeeschter Roland Schreiner.

Bei senger Usprooch ass de Buergermeeschter Paul Weimerskirch nach eng Kéier op déi grouss Erausfuerderungen, bedéngt duerch déi sanitär Kris, vum leschte Joer agaangen an huet säi groussen Dank an déifste Respekt un all d‘Akteure vum Terrain ausgeschwat. Ouni d’Zesummenhalen an Zesummeschaffe vun all de Leit, vun all de verschiddene Beruffsbranchen, wäre mär net esou gutt aus der Kris komm bis do wou mär elo stinn. Wuelverstanen dass d’Kris nach net fäerdeg ass a mär nach ëmmer musse gutt oppassen.

 

D’Madamm Sandra Sidon vun der Direktioun vum Gesondheetsministère an den Här Philippe Kloos, Direkter vun der „Ecole fondamentale“ , sinn an hire jeeweilege Rieden op d’Erausfuerderunge vun de Kanner, vun den Elteren an awer och op d’Fortschrëtter a verschiddene Gebidder, déi di ganz Kris matbruecht huet, agaangen.

Als Präsident vun der Kultur-, Sport- a Fräizaitkommissioun huet den Yves Marchi, en Opruff un all Veräiner gemaach, dass mär nees sollen no vir kucken a fir Opbrochstëmmung suergen. Ouni Veräiner, déi gutt funktionnéieren gëtt et kee Gesellschaftsliewen an de Gemengen.

Um Uschloss vun de Rieden, hat de Buergermeeschter di grouss Éier siwe Leit auszezeechnen.

Sechs Leit hu fir 20 Joer am Déngscht vun der Gemeng eng Auer iwwerreecht kritt:

Vum Gemengepersonal:

  • Ernestina Andrade
  • Eden Jumawan
  • Carine Sand

Vum Léierpersonal:

  • Tessy Bertemes
  • Véronique Fixmer
  • Danielle Jaroszek-De Re

 

Fir 25 Joer am Déngscht vun der Gemeng ass de Schwammmeeschter Charles Grethen mat der „Médaille en vermeil – Ordre de la Couronne de Chêne“ ausgezeechent ginn.

Mat der Europa- an der Nationalhymne, gespillt vun eiser Schëfflenger Musek, huet dës Feier e würdegen Ofschloss fonnt.

Op dësem Link, kënnt Där dem Buergermeeschter seng Ried nolauschteren, déi hien um Radio Gutt Laun gehaalen huet:

https://www.youtube.com/watch?v=opPLmmKNKnY