10.06.2021

Coupe Scolaire 2021

Den 3. an den 10. Juni 2021 war nees Coupe Scolaire – dëst Joer op zwee Deeg opgedeelt – an de Stroosse vu Schëffleng. Ganz nom Motto #SchëfflengAmSchweess gouf de Sport, de Plaiséier an d’Sécherheet matenee verbonnen.

Vun 8.00 Auer u waren d’Schüler aus dem Cycle 4 vu Schëffleng mat hire Vëloen ënnerwee an hunn an der Praxis probéiert d’Verkéiersreegelen unzewennen, déi si an enger ganzer Partie theoretesche Stonnen an der Schoul geléiert hunn. Mat grousser Freed a voller Konzentratioun hu ronn 200 Kanner de Parcours gutt gemeeschtert. Vill Benevoller waren op 14 Streckeposte um Parcours verdeelt an hu Punkte verginn.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch an d’Schäffen Albert Kalmes a Carlo Lecuit hunn allen Acteuren, déi un der Organisatioun vun dëser Aktivitéit bedeelegt waren, e grousse Merci gesot an de Schüler bonne Chance virum Start gewënscht!

Hei e puer Impressioune vun deenen zwee Deeg: