03.05.2021

Traditionell 1. Mee-Virfeier

Traditionell invitéieren d’Schëfflenger Schmelzaarbechter den 30. Abrëll op hir 1. Mee-Virfeier bei de Gedenksteen an der „Cité um Benn“.

Mat der „Sonnerie aux morts“ huet des kleng awer sympathesch Feier ugefaangen. Uschléissend hunn di zwee Riedner, Alain Günther, Präsident vun der Schmelzaarbechter Asbl an de Buergermeeschter, Paul Weimerskirch, op d’Wichtegkeet vun dëser Gedenkfeier higewisen. De grousse Räichtum vun eisem Land hu mär schliisslech de Schmelzaarbechter ze verdanken. Ouni si wär eist kleng Ländchen net wat et ass an et däerf ni vergiess gi wat si fir eis gemaach hunn. Dofir huet all eenzele Schmelzaarbechter eisen déifste Respekt verdéngt.

Hei kënnt Dir nach de Reportage vun den AMCIS nokucken: https://vimeo.com/544288405