29.03.2021

Présentation du Masterplang Schëffleng

La présentation du MASTERPLANG SCHËFFLENG (cf. invitation officielle) qui a eu lieu lundi, le 29 mars 2021 était un succès. Plus de 70 personnes y ont assisté sur place et de nombreux citoyens ont suivi le livestream à distance.

Si vous n’avez pas eu l’occasion de participer, ne vous inquiétez pas : consultez la retransmission via ce lien (début à partir de la minute 19) et/ou la présentation complète ici (en pdf).

 

Un mot du bourgmestre :

De Masterplang : an et ass un Iech!

Léif Matbierger,

De Schäfferot huet e Méindeg, den 29 Mäerz éischt Resultater vun de säit iwwer zwee Joere gefuerderten Diskussioune ronderëm de Masterplang präsentéiert ; an dat a Präsenz vun iwwer 70 intresséierte Matbierger a Memberen aus de kommunale Kommissiounen. Mat engem Livestream hu weider 200 Matbierger dës Präsentatioun am Hall Polyvalent suivéiert. Merci fir dësen Engagement!

D’Dokument ass net déi final Etapp, d’Präsentatioun selwer sollt e groussen a breeden Iwwerbléck iwwer den aktuelle Stand erméiglechen a weisen, wéi eng konkret Iddien aus der Masterplangdiskussioun am Kader vun eenzele Workshoppen am Rullen sinn, wat à la Suite realiséiert soll ginn.

D’Diskussioun iwwer de Masterplang soll a muss weidergoen. Den Info-Owend wor den Ufank. An all Elementer, déi direkt oder indirekt a Relatioun mat dem Masterplang stinn, sollen elo do wou et néideg ass verdéift ginn, wuelhoffend, datt eis d’Crise sanitaire duerch Covid-19 net nees e Stréch duerch d’Rechnung mécht.

Mir freeën eis op de Succès vum Info-Owend a sinn zefridden, datt éischt Mesure geholl konnte ginn fir eis Matbierger an de Prozess ërem anzebannen. Och de Gemengerot soll an enger nächster Sitzung eng Diskussioun féieren an dem Schäfferot souzesoen de Suivi mat op de Wee ginn.

Mir sinn op der richteger Linn, wuelwëssend, datt de Fortschrëtt ëmmer nees nei Iwwerleeungen an nei Entwécklungen brauch. Stëllstand an Immobilitéit sinn net gefrot. Mir all zesummen hunn eng ekologesch, ekonomesch a sozial Responsabiltéit. Zum Wuel vun de Schëfflenger Leit an eiser Gemeng solle mir mateneen dat openeen ofzestëmmen.

Ech invitéieren Iech alleguer, jo jidder Eenzelen, an dësem Prozess eng aktiv, konstruktiv an engagéiert Roll ze spillen. Merci.

Paul Weimerskirch