25.02.2021

Gutt Zesummenuarbecht fir ee gesécherten Schoulbetrib

Am Kader vun der grouss ugeluechter Covid-19 Testaktioun an deenen dräi Schëfflenger Schoulen, seet de Buergermeeschter am Numm vum Schäffen- a Gemengerot allen Intervenante Merci, datt dës Organisatioun esou gutt a séier iwwert d’Bün gaangen ass. Merci awer och fir all Versteesdemech a fir d’Responsabilitéit vun all Eenzele vis-à-vis vun der Schoulcommunautéit.

Fir d’Sécherheet vun de Schëfflenger Kanner an hire Famillen, souwéi déi vun den Enseignanten ze garantéieren, war de Méindeg, 22. an Dënschdeg, 23. Februar nees « Homeschooling » ugesot. Doriwwereraus ass wärend dësen Deeg eng breet ugeluechte Covid-19 Testaktioun organiséiert ginn, déi sech un déi 1.109 Schëfflenger Schoulkanner an u gutt 120 Persounen, déi zum Léier- an Edukatiounspersonal zielen, adresséiert huet. Zil vun dëser Initiativ: méi een normalen a gesécherte Schoulbetrib.

Dës Efforte wären net méiglech gewiescht ouni déi super Zesummenaarbecht vun de Kanner, hiren Elteren, dem Schoulpersonal a villen aneren Acteuren.

E grousse Merci a bleift all gesond!

———————————————————————————————————————–

Le Collège des bourgmestre et échevins adresse un grand Merci aux élèves, leurs parents, aux enseignants et à tous les autres acteurs ayant contribué au bon déroulement du “large scale testing” dans les trois écoles schifflangeoises.

L’objectif de cette action: une vie scolaire plus sécurisée et un peu plus normale.