09.10.2020

Aweiung Déierenasyl / Inauguration asile pour animaux

 

En Donneschdeg, den 8. Oktober 2020 war d’Aweiung vum neien Déierenasyl zu Schëffleng.

Den Här Buergermeeschter, a Presenz vun de Schäffen Albert Kalmes, Marc Spautz a Carlo Lecuit sou wéi verschidde Memberen aus dem Gemengerot an dem Minister Romain Schneider, huet sech gefreet, datt hien de Schlëssel, respektiv de Badge, fir di nei a modern Opfaangstruktur fir Hond a Kaz iwwerreechen duerft an datt d’Association pour la Protection des Animaux vu Schëffleng sech vun elo un nees mat neiem Schwong an neie Méiglechkeeten fir den Déiereschutz asetze kann. En extra grousse MERCI ass un den Éierebuergermeeschter Roland Schreiner gaangen, deen de ganzen Dossier un d’Rulle bruecht huet. Net ze vergiesse sinn awer och d’Intervenante vum Chantier, di vill fläisseg Hänn an d’Gemengeservicer, déi dozou bäigedroen hunn, datt sech d’Resultat weise léisst.

Dat fënnt och de President vun der APAS, de Sacha André, dee vun engem richtegen « Luxushotel » fir d’Déiere geschwat huet. Si wäerten op alle Fall alles dru setzen, fir deem neie Bild vun der Entrée vu Schëffleng gerecht ze ginn, net nëmme visuell mee mat vill benevoller an och professioneller Aarbecht.

No der Ried vum Landwirtschaftsminister gouf dunn, a Begleedung vun der Muppeseniorin Dolly, de Ruban duerchgeschnidden an en Tour duerch d’Raimlechkeete gemaach, ier d’Gemeng op e Patt invitéiert huet.

De ganze Pressedossier fannt Dir hei!

De Video fannt dir hei!

Méi Infoen iwwert de Schëfflenger Déiereschutz fannt Dir hei!