De Jean Spautz feiert haut seng 90 Joer!
D’Gemeng Schëffleng wënscht dem Spautze Jang all Guddes, eng gutt Gesondheet an nach vill Joren derbäi. Mat dësem Wonsch ass och e Grousse MERCI verbonne fir déi onermiddlech a vill Engagementer am Interessi vun de Matbierger.
E Merci dem Jean Spautz fir seng Aktivitéiten als Gewerkschaftler, als Deputéierten a Minister ewéi och als Schäffe vun der Gemeng Schëffleng; dëst alles nieft villen aneren Asätz fir Sozialgerechtegkeet a fir Fridden a Wuelstand.