01.09.2020

Streikgedenkfeier 31.08.2020

Aussergewéinlechen Dag an aussergewéinlechen Zäiten – Streikgedenkfeier

Den 31. August 2020 huet de Schäffen- a Gemengerot am klenge Krees den Affer vum Generalstreik vun 1942 geduecht. Och Vertrieder vun der LPPD, den Enrolés de force, dem SI an de Gewerkschafte ware bei der Kranznidderleeung zu Esch/Schëfflenger Schmelz (Portal Lalleng) an dono beim Monument op der Fräiheetsplaz zu Schëffleng present. Um Punkt 18.00 Auer ass d’Sireen genau zu där Zäit gaangen, wéi virun 78 Joer d’Aarbechter zum Streik opgeruff gi sinn.

A senger Usprooch betount de Buergermeeschter Paul Weimerskirch daacht de Streikgedenkdag e Stéck Schëfflenger Geschicht ass, an een Deel vum Patrimoine vun der Gemeng Schëffleng, fir déi mir eis iwwer de Schäfferot eraus engagéieren an och erhale wëllen.

Zum Schluss geet de Buergermeeschter drop an, dass mir a Fridden a Wuelstand liewen, wuel wëssend awer och, datt den Asaz fir sozial Gerechtegkeet ni dierf noloossen, datt et ëmmer nees gëllt de Matenee vun Natiounen, Reliounen, Konfessiounen, Rassen a Kulturen ze stabiliséiere mat neie Brécken, déi et gëllt ze schloen.

Ried Buergermeeschter Paul Weimerskirch

Video vun der Feier (AMCIS)

Esch/Schëfflenger Schmelz (Portal Lalleng)

Schëffleng Fräiheetsplaz