Ried vum Här Buergermeeschter zum Budget 2020
Präsentatioun vum Budgetsprojet 2020 am Kader vun der Gemengerotssitzung vum 13. Dezember 2019 duerch de Buergermeeschter Paul Weimerskirch
Schëffleng développéieren: d’Erausfuerderungen resolut ugoen, déi nei Perspektiven definéieren an déi nei Chancen notzen
Dir Dammen an Hären,
léif Frënn
Haut a nächsten Freiden steet de Budget fir 2020 am Bléckpunkt! Eng finanztechnesch a politesch Diskussioun. Et ass dat Dokument, wat déi politesch Intentioun fir dat kommend Joer erëmspigelt a cibléiert.
Et ass den drëtte Budget vun der Koalition CSV-déi gréng. Et ass e Budget an der Kontinuitéit vun de vergaangenen Joeren. Et ass allerdéngs och e Budget, deen sech ëmmer méi staark mat enger absoluter Prioritéit vun dëser Majoritéit beschäftegt: dem resoluten Virgoen a Saachen “Bildungslandschaft Schëffleng entwéckelen”, verbonne mat engem Neibau vun enger Schoul zumindest, vum Ëmbau a vun der Renovatioun vun de bestehenden Schoulen, verbonne mat enger Dezentraliséierung vun der Maison Relais …
… dat alles soll leschtenendes zum Zil hunn: méi Schoulraum fir déi nächst Joer ze schaffen a méi Kanner (respektiv Eltern) d’Méiglechkeet ze ginn vun den Servicer vun der Maison Relais kënnen ze profitéieren …
Ech weess, dat geet alles net esou séier ewéi gewënscht, allerdéngs zanter dem Oktober 2018 sinn mir um gudde Wee. Ech wëll dofir gäre widderhuelen, wat ech zu dësem Thema d’lescht Joer beim Budget gesot hunn:
E weideren Defi – neen eng Tâche prioritaire – mat enger absoluter Necessitéit fir kuerz- a mëttelfristeg ze agéieren ass d’Situatioun vun eiser Schoul-, Bildungs- a Kannerbetréiungslandschaft.
Et ass gewosst, datt mat haut iwwer 1100 Kanner den disponible Schoulraum u Grenze stéisst, …. et ass gewosst, datt d’Nofro fir an der Maison Relais eng Plaz ze hunn, ëmmer erëm méi grouss gëtt, schonns no der Fäerdegstellung vun der Maison Relais op Hudelen, war gewosst, dat dëst Gebai net allen Nofroe gerecht konnt ginn. …. Et ass reagéiert ginn an et mussen nach weider Moossname getraff ginn … kuerz a mëttelfristeg … de fréiere Schäffen- a Gemengerot huet reagéiert a mir sinn och an der Obligatioun, jo an der Pflicht proaktiv ze agéieren… an dat ass de Fall!!
Schoul- a Bildungslandschaft Schëffleng
neidenken, weider developpéieren
Am Oktober 2018 ass bekanntlech eng breet Diskussioun mat intresséierte Bierger, vrun allem natierlech mat den Enseignanten, de Schüler a de Kanner an Elteren aus der Ecole fondamentale, dem Regionalbüro, de Responsablen an Educateuren aus der Maison Relais, deen direkt an indirekt betraffenen Acteuren aus der formaler an nonformaler Bildung e.a. eis Schoulkommissioun, de Grupp fir d’Organisatioun vum Plan d’encadrement périscolaire (PEP), de Leit vum Pédibus a villen anerer lancéiert ginn.
Et wor den Depart fir eis Schoul- a Kannerbetreiung, jo och d’Veräinsliewen – mir dierfen nämlech net vergiessen, datt eis Veräiner op eng wierklech beispillhaft Art a Weis, oft bénévol, mat vill Engagement eng wichteg a qualitativ wäertvoll Kannerbetreiung assuréieren …. eben dëst alles nei ze orientéieren, op stabil Féiss ze stellen a méi effizient ze organiséieren.
Merci allen, déi un dësem Denkprozess matgemeet an dëse beräichert hunn. Ären Elan, Äre Wëllen an Engagement fir iwwer noutwenneg Verännerungen nozedenken an nei Weeër ze definéieren, ass net op daf Oueren gestouss, am Géigendeel. No éischte Konklusioune sinn d’Diskussiounen an Workshops weidergefouert ginn a mat enger Decision de principe huet de Gemengerot am September déi weider Etappen a vrun allem d’Marche de manoeuvre festgehal.
Kuerz-, mëttel- a laangfristegem Handlungsbedarf soll hei Rechnung gedroe ginn. Et geet drëm – eng/zwou nei Schoulen ze plangen, eng Dezentraliséierung vun der Maison Relais unzestriewen, de Schülertransport op e Minimum ze reduzéieren, déi aktuell Schoulgebaier ënner Ëmstänn ëmzebauen, ze reamenagéieren, ze moderniséieren …
… an dat alles mat Bléck op eng modern Educatioun fir eis Kanner, fir se fit ze maache fir dat weidert Schoulliewen … dëst awer och mam Bléck op eis Veräiner, déi sech gläichermoossen ëm eis Schoulkanner beméien …. Eng grouss Aufgab, eng flott an noutwenneg Aufgab virun allem.
Mir hatten schonns am Joer 2018 an dës Planungen investéiert, an och an den Budgets 2019 an eben 2020 gi finanziell Mëttelen zur Dispositioun gestallt fir dëse Prozess an zwar d’Neientwécklung, jo Neiopstellung vun eiser Schoul- a Kannerbetreiung duerch Servicer a Veräiner – um Rullen ze behalen, an zielorientéiert, jo nohalteg ze developpéieren.
Mat aller Däitlechkeet wëll ech nach emol soen, datt mir net einfach nëmme wollten eng nei Schoul bauen an da mengen et wär alles an der Rei, neen de Besoin vun neiem Schoulraum ass een Element …. mir hunn an dësem partizipative Prozess dowunner profitéiert, mat villen Engagéierten doriwwer nozedenken, wéi mir Schoul, Kannerbetreiung a Veräinsaktivitéite fir d’Kanner oder soss parascolaire Aktivitéite méi no beienee brénge kënnen, méi enk matenee verknäppe kënnen a méi kannerfrëndlech offréiere kënnen.
Et geet eis – ech mengen all zesummen heibannen – drëm e kohärent Konzept, dat d’Noutwendegkeete vun der Zäit involvéiert!
Nieft dem Neibau oder dem Réaménagement vu Schoulraum ass d’Nofro vun der Societéit, vun der Veräiner aus Sport, Kultur a Fräizäit – och mat den Diskussioune ronderëm de Masterplang net méi kleng ginn. De Masterplang hëlleft hei Äntwerten ze fannen. An ech muss soen, de Prozess ass nach net ofgeschloss … et gëllt iwwer dëse Budget eraus, eng Rei vun Detailler – grousser a klenger – an eng Rei vun oppene Froen – bequemer a manner bequemer – ze léisen, ze beäntwerten an ze kläeren. Och d’Idee vun enger Internationaler Ecole Fondamental steet an Diskussioun.
Ouni Zweiwel steet oder soll de Budget och stoe fir d’Verbesserung vun der Wunn– a Liewensqualitéit an der Gemeng. E Budget, deen mat vill Viraarbecht, no villen Diskussiounen a Gespréicher mat de Servicer, mat de Kommissiounen opgestallt ginn ass.
E Merci un d’Leit aus den Servicer a besonnesch un d’Nathalie Pauly fir Koordinatioun vun dëser Aarbecht, an een extra Louf wéi vill kleng Zousazhëllefen!!
E Budget, deen de Virgabe vum Ministär Rechnung dréit, an deen net lassgeléist vun der economeschter Situatioun vum Land fixéiert ginn ass. Vill Parameter hunn een Afloss op eise Budget.
Nei Chance, allerdéngs och nei Erausfuerderunge gëllt et ze meeschteren, budgettechnesch, infrastrukturell ewéi och bautechnesch.
An ech sinn iwwerzeecht, datt Dir mat mir eens sidd, datt eise Budget och duerch de Wuesstem vun eiser Populatioun influencéiert gëtt:
• 1990 waren an eiser Uertschaft knapp 6800 Awunner registréiert
• fir de Budget 2010 knapp 10 000 Matbierger,
• a mir sinn elo bei bal 11500.
• Innerhalb knapp 30 Joer deemno een Zouwuess vun iwwer 4700 Leit. 31.12.2018: 11178 / 31.12.2019: 11294 / Enn 2020 ass d’Populatioun op 11600 estiméiert.
Dës Augmentatioun huet eng Influenz op eis Liewensqualitéit, op eis Infrastrukturen, op d’Verkéiersopkommen an op d’Déngschtleeschtungsservicer. Et muss an dësem Punkt och gesi ginn, datt eis Gemeng par Rapport zum Bevölkerunsgduerchschnëtt am Land méi staark gewuess ass ewéi vill aner Gemengen.
Mir hunn e Populatiounswuesstem vun iwwer 4% verzeechent, de Landesduerschnëtt läit bei 2,2%! Et ass eng vun den Uursaachen, datt mir beim Bau vu neien Logementer versiichen eng Politik ze gestalten, déi e méi moderate Wuesstem zouléisst.
Déi aktuell Situatioun / an e Wuert zum Masterplang
Eis Gemeng huet net nëmmen ee Populatiounszouwuess “hors norme”, neen sie huet sech och soss a villen Hisiichten verännert:
1. soziologesch gesinn mat den 99 verschiddene Nationalitéiten, den villen neien Awunner, déi a de neien Wunnengen eng Heemecht fonnt hunn … urbanistesch betruecht mat der neier verännerter Entrée a Schëffleng eran, …
2. ëmwelttechnesch / hei si mir zanter Joeren um gudde Wee / d’Auszeechnung fir den europäesche Klimastär an d’Rezertifizéierung vum European Energy Award Gold sinn de beschte Beweis, wuelwëssend, datt hei de Prinzip “Noblesse oblige” steet, jo mir bleiwen gefuerdert eisen Engagement fir Natur- an Emweltschutz an deemno fir eng aktiv Klimaschutzpolitik op héighem Niveau ze halen / a wien de Budget analyséiert ass mat eis eens, datt do nees vill nei Akzenter definéiert gi sinn
3. … an och veräinsméisseg huet Schëffleng sech verännert… virun knapp 30 Joer woren 50 Veräiner aktiv, haut sinn et der bal 80 …An déi Changementer gi weider:
4. mir selwer hunn am leschte Gemengerot dräi Projets präsentéiert, déi zu engem groussem Changement vum Uertschaftskär féieren:
• den Ëmbau vum Haus Entenich an e Centre fir “SOS-Faim”,
• den AvantProjetSommaire vum Haus A Kassen, wou eng Associatioun, déi am soziale Beräich aktiv ass, Logementer zur Dispositioun kritt, wou nei Reimlechkeeten fir Lokalveräiner, déi am kulturelle Liewe vun der Gemeng eng wichteg Stäip sinn, installéiert ginn, wou e Centre médicale soll kommen a wou fir verschidde Geschäfte nei Perspektiv méiglech gemeet ginn …
• … awer och duerch Initiativen a Projets vun Privatpromoteuren wäert sech d’Bild vun der Liberatiounsstross staark veränneren.
• Net ze vergiessen de Bau vum Parkhaus an d’Renovatioun vum Haus Mettler, wou den Office social seng definitiv nei Heemecht kritt. Dräi Devis (fir Haus Mettler, Entenich a A Kassen) an enger Gréissenuerdung vun 10 Mio), wou elo am Budget éischt Investitiounen vun knapp 1,9 Mio dra stinn.
Och dës Projet hunn eng Répercussioun op eise Budget initial 2020
E Chantier mat enger wierklech grousser Envergure …
… fir déi gesamte Gemeng geet Gott sei Dank Schrëtt fir Schrëtt virun.
Net esou séier ewéi gewënscht. A mat vill Gestreids a Gedeesëms.
Awer lues a lues ass Liicht um Enn vum Tunnel ze gesinn. Déi nei Entrée an de Centre Ville duerch déi nei Drusenheimstrooss, d’Suppressioun vun de Passages à niveau, d’Realisatioun vun enger Vëlospiste laanscht d’Eisebunn, de Bau vun enger Mur antibruit, den Aménagement vun enger neier Gare, verbonne mat engem PMR-gerechten Arrêt, nei Foussgängerweeër mat engem Passage vun der Cité Soltgen eriwwer an d’’Cité Op Hudelen, d’Passerelle an der Avenue de la Résistance mat Verbindung an d’Liberatiounsstross a villes anescht, dat sinn Ëmbauten a Neibauten, déi eis Gemeng elo kuerz- a och mëttelfristeg veränneren …
Dësen urbanistesche Changement huet natierlech och e finanziellen Enjeu, deen och eise Gemengebudget touchéiert.
Eis Gemeng huet sech staark verännert. Mir hunn ronn 11350 Awunner op den Dag vun haut, dat sinn par rapport zum Dezember 2018 knapp 200 méi … eng Evolutioun, déi net opzehalen ass, … a Wunnraum schafen, ass kee Luxus, awer eng Noutwennegkeet. …. dëser Aufgab, jo dësem landeswäiten Defi kënnen an dierfe mir eis als Gemeng net entzéien, och wa mir een iwwerduerschnëttleche Populatiounswuesstem verzeechnen.
Mir hunn jo eng Rei Mesüren décidéiert fir e méi moderate Wuesstem ze erméiglechen a mir versichen Bauterrains an eis Hänn ze kréien, fir souzesoen eng Baulandreserve unzeleeë, déi eis an Zukunft d’Possibilitéit gëtt weiderhin als Gemeng d’Wunnraumbeschaffung aktiv matzegestalten … besonnesch och am Beräich vun “Logement à coût modéré” … (de Kaf vun Terrains ass am Rectifié mat bal 525 000 Euro an am Initial 2020 mat 445 000 virgesin .. och eng Rei Droit de préeemption hu mir ugefrot, déi awer net all am Budget integréiert sinn.)
Allerdéngs muss och alles dru gesat ginn, d’Bautätegkeet, d’Urbaniséierung an d’Schaffung vun neien Infrastrukturen, ob Schoulen, Sport- a Kulturzenteren, Gemengegebaier a déi vill aner baulech Verännerungen …. ze kanaliséieren, ze steieren an nohalteg ze plangen.
Dat maache mir iwwer déi eng oder aner Modifikatioun vum PAG, iwwer d’Definitioun vun de PAPs quartiers existants oder och quartiers nouveaux… a vrun allem am Kader vun den Diskussioune ronderëm d’Opstellung vun engem Masterplang. Mir sinn do gutt ënnerwee.
Dëser Initiativ hu mir eis zanter zwee Joer verschriwwen … vill Bierger hunn sech aktiv an dëse Prozess ageschalt, hu matdiskutéiert, hunn hier Meenung gesot, an munch kommunal Kommissioun huet zousätzlech oder ergänzend Avis formuléiert… dat alles ass Deel vun eiser Idee, déi participativ Demokratie ze stäerken an eescht ze huelen.
Zesumme mat eise Bierger, den Delegéierten an de kommunale konsultative Kommissioune wëlle mir och weiderhin iwwert d’Zukunft vun eiser Gemeng Schëffleng nodenken an dës nohalteg gestalten.
Jo ech weess, datt elo mat Ongedold op een Ofschlussdokument gewaart gëtt .. Jo ech weess, datt ech selwer schonns emol gesot hunn, datt geschwënn dëse Pabeier virläit …
Lescht Joer sot ech: Merci un all déi, déi sech aktiv, konstruktiv kritesch an engagéiert an dëse Prozess abréngen. Mir rechnen domadder, datt bis Enn Mee 2019 déi final Etapp agelaut ka ginn, fir schonns am nächste Budget 2020 déi eng oder aner Iddee oder Projet afléissen ze loossen. Allerdéngs sinn och schonns an dësem Budget aus den Diskussioune ronderëm oder am Kader vum Masterplang schonns Projet’en a Moossnamen agefloss …
E Masterplang fir Schëffleng, fir d’ganz Gemeng ass eis e wichtegt Uleies. Zesumme mat Iech all schafe mir dru, wuelwëssend, datt net einfach vun haut op muer alles ëmgesat, realiséiert oder verännert ass. Ech verweisen hei op de Sproch: “L’impossible est accompli de suite, le miracle exige plus de temps.”
Alles brauch eben seng Zäit…. besonnesch da, wa bestëmmte Prozedure anzehale sinn.
Ech soen, Sorry, datt de Pabeier nach net virläit, wuel wëssend awer och, datt dëse Pabeier net am Tirang verschwonnen ass … am Géigendeel, dat lescht Joer ass weider an intensiv um Masterplang geschafft ginn … all eis Gebeier sinn analyséiert ginn a puncto Staark – a Schwaachstellen, a puncto Renovatioun oder Neibau, … donieft ass och de finanziellen Enjeu mat an d’Spill komm … et geet och drëm iwwer Synergien an Optimisatiounen vun Onkäschten oder vun Energiebilanzen nozedenken
E Masterplang … wou et och drëm geet sech e Prioritéiteplang opzestellen, well et ass gewosst, datt net alles gläichzäiteg ëm- oder nei gebaut ka ginn … och dat muss am Planing considéréiert ginn … dat alles ass net mat engem Schoss aus der Hëft eraus ze realiséieren … dat ass och net einfach am Schnellzuchtempo um Pabeier … dat ass e Prozess, deen Zäit a Gedold brauch, wou an de leschte Wochen de Schäfferot mat den concernéierten Service eng helle Wull Gespréicher gefouert huet fir ee kohärent Dokument ze produzéieren … net ze vergiessen, datt eis Masterplang Bildungslandschaft Schëffleng een Deel vum gesamte Masterplang ass…
Mir hunn eis mat MC Lëtzbuerg zu enger Assistance économique, financière et technique bei der Elaboratioun vum Masterplang Schëffleng 2035 engagéiert, wou mir d’Previsiounen an méiglech Optiounen, déi kuerz a mëttelfristeg, awer och laangfristeg unzepake sinn, erauskristalliséiert hunn, an dat op der Basis vun de Resultater a Virstellungen aus de Workshops mat de Bierger, déi elo zu Recht ongedëlleg op Resultater waarden … dësen Debat geet weider, .. e globalt, nohalteg an integrativt Konzept virzeleeën ass eist Zil, an dat geschitt .. och wann aner Behaptungen an d’Welt gesat ginn …
D’Zone d’activité op Herbett: eng Plus Value
E weidere wichtege Projet, deen säi Néiererschlag am Budget fënnt ass d’Realisatioun vun der Zone d’activité économique Op Herbett.
Mat der ZAE Op Herbett gi mir bekanntlech nei Weeër … an der Organisatioun a vum Oflaf an deelweis och concernant d’Gestioun vun enger Zone d’activité économique.
Wéi jiddereen um Site gesäit, komme mer relativ gutt virun mat den Infrastrukturaarbechten, ëmmerhinn ronn 4,5 Mio Invest stinn hei un! Dës Aarbechten wäerten, anescht ewéi ursprénglech geschat e gutt halleft Joer éischter fäerdeg sinn wéi am Planing virgesinn. Och de Projet Batiself/Hoffmanns kënnt gutt virun a wäert Mëtt 2020 fäerdeg sinn.
Herbett ass jo en Dossier, deen eis als Gemeng intensiv a scho jorelaang beschäftegt. Honnerte vu Réuniounen ware néideg fir dëse quasi Megaprojet op d’Schinn ze setzen an definitiv un d’Rulle bréngen. (Zënter 2008 bis haut méi ewéi 200 Réuniounen). Zanter datt de Remembrement hei am Gemengerot gestëmmt ginn ass, hu mer eis intensiv mat de Propriétairen auserneen gesat fir hinnen eis Iddien vun enger “zirkulärer Wertschöpfung” oder economie circulaire um Site op Herbett duerzeleeën an sie ze motivéieren fir de Wee dohinner mat eis zesummen ze goen.
D’Zirkulareconomie … E wichtegt Element ass virun allem de Ressourceverbrauch ze reduzéieren an e frëndlecht a gesond Ëmfeld ze schafen fir all d’Akteuren, déi do agéieren.
Fir Herbett wëlle mer Folgendes an dësem Sënn erreechen:
• Eng rationell Notzung vun de Flächen: Optimal Flächenausnotzung duerch innovativ Regelen am PAP Optimal Flächenausnotzung duerch Gemeinsamnotzung vu Flächen, déi nëmme sporadesch an engem Betrib genotzt ginn
• Eng intelligent Notzung vu Waasser: Eng duerchduechte Reewaasserbewirtschaftung an der ganzer Zone a pro Gebai an eng quasi obligatoresch Reewaassernotzung
• Den Energieverbrauch maximal reduzéieren an esouvill ewéi méiglech um Site selwer produzéieren: Energiespuerend Bauweisen / Energieproduktioun a –verbrauch um Site Notzung vun Offallholz / Gemeinsam Heizzentralen mat interne Wärmenetzer / Natierlech Beliichtung duerch duerchduechten Architektur
• Nohalteg Konstruktioun an Asaz vu nohaltegen a gesonde Materialien beim Bau: Demontabel an erëmverwertbar Konstruktiounen / Intelligente Rasterbau, dee modulabel an upassbar u entspriechend a wiesselend Bedürfnisser / Asaz vu nohaltege Materialien z.b. Holz
• E gesond Ëmfeld fir all Acteuren / Gesond Materialien / Frëndlecht Ëmfeld fir Salariéen an der Zone Structure d’accueil fir Kanner vun de Salariéen / Divertissement fir Fräizäitgestaltung / Restauratioun / Zone de récréation am Dall vun der Kiemelbaach
• Eng intelligent Mobilitéit a Logistik / Optimal Ubannung fir d’aktiv Mobilitéit / Ubannung un den ëffentlechen Transport / Sharingoffere vu Vëloen an Autoen / Infrastrukturen fir Elektromobilitéit / Logistikkonzept fir onnëtz Transporter ze évitéieren
• Eng héich Biodiversitéit um Site selwer / Gréngdiech fir e bessert Mikroklima / Beem- a Strauchbeplanzung fir Verschattung a Produktioun vu Sauerstoff / Grouss zesummenhängend Zone verte an der plaine alluviale vun der Kiemelbaach als Frëschloft- a Kalloftgenerator / Renaturéierung an extensiv Beweedung
• E performante Management / d’Gestioun vu gemeinsam genotzte Flächen (Konferenzraim, Seminarsäll, Vestiairen, Restauratioun, Stockage) Gemeinsamen Akaf / Entretien Fuerpark um Site Gemeinsam Notzung vun Outillage a nëmme sporadesch genotzte Maschinnen (Gabelstapeler)
Vill Entreprisen hunn Interessi ugemellt fir sech op Herbett kënnen néierzeloossen. Och hinnen hu mer vermëttelt, wat eis Philosophie ass a mer hu versicht se mat op dee Wee ze kréien. Well de Volumen un Aarbecht net eleng bei eis am Haus ze bewältege war a besonnesch de Volet „économie circulaire“ Neiland ass, net nëmme bei eis mä insgesamt et hei am Land wéineg Erfahrung domadder gëtt, hu mer eis extern Hëllef geholl an hunn +Impakt an BOBMarketing mat u Bord geholl fir eis zur Säit ze stoen.
Mer hunn donieft och intensiv Gespréicher gefouert mam Wirtschaftsministär, an hunn do e ganz interesséierte Partner fonnt. Dës Zesummenaarbecht geet esou wäit, dass si eis Aktivitéitszone als Pilotprojet betruechten an op Basis vun eisem Projet e Vademecum wëllen opstellen, wéi an Zukunft Aktivitéitszone solle / musse geplangt ginn. Dofir hu mer e regelméissegen Austausch.
Dëse Vademecum hunn si an Optrag ginn a mer profitéieren dovunner, well mer den Input direkt an eis Planung kënnen integréieren. Och mat der Nopeschgemeng Monnerech hu mer eis e puermol gesinn, fir eis iwwer eng enk Zesummenaarbecht ze ënnerhalen.
Fazit vun dëse Gespréicher war fir eng Demandë ze maachen, fir Herbett an e gemeinsamt Syndikat, den ZARE, ze integréieren an domadder kënnen vun enger bestehender Struktur ze profitéieren fir d’Gestioun vun der Zone. Den ZARE ka natierlech och vun eiser Aarbecht am Beräich économie circulaire léieren an Elementer an déi bestehend Zonen afléisse loossen. Op eis Ufro hin, huet den ZARE och eng positiv Äntwert ginn a Gespréicher fir Detailer ze klären wäerte mer demnächst ugoen. E puer prinzipiell Froën muss den ZARE nach mam Inneministär kläeren, wourober mer awer nach keng Réckmeldung kritt hunn.
Wéi gesot hu mer vill Interessenten, déi sech wëllen op Herbett néierloossen. Mer kënnen se net all op den ëffentlechen Terrain huelen an dofir hu mer eis intensiv domadder befaasst, watfir Entreprisen solle bei eis kommen. Eng éischt Prioritéit loung op de Schëfflenger Entreprisen oder den Entreprisen aus dem direkten Ëmfeld. Dann ass d’Prioritéit op Handwierksbetriber geluecht ginn oder Commerce, deen direkt mam Handwierk ze dinn huet. Dann hu mer op Reschtflächen och nach deen een oder anere Betrib erausgesicht, deen net an en anere Cluster integréierbar war. Finalement hu mer och de soziale Volet mat erabruecht an décidéiert eng Crèche mat op eisen Terrain ze huelen an eventuell e Fitnesszenter, fir de Leit déi do schaffen d’Méiglechkeet ze offréieren an hirer Fräizäit Aktivitéiten um Site ze fannen an hir Kanner an enger Crèche nobäi betreien ze loossen.
Mer hunn dës Entreprisen Mëtt 2019 gesinn an hunn hinnen eis Philosophië erkläert. Besonnesch de Volet concernant d’économie circulaire, wou jiddereen nëmme gewannen ka. Dann hu mer hinnen erkläert, wéi mer eis virstellen den Terrain ze verginn. Op Interventioun vun den Entreprisen, well et jo een cocréative Prozess soll sinn, hu mer hir Wënsch gehéiert an opgeholl a mat an d’Konzeptioun afléisse gelooss.
No der Réunioun vum Juni 2019 huet den Architektebüro Witry a Witry déi verschidden Entreprisen an Eenzelgespréicher gesinn fir hir Bedierfnisser genee ze ermëttelen an op deeër Basis eng éischt Ebauche vun Architektur ze skizzéieren an eng éischt Käschteschätzung ze maachen. Dëst war néideg fir och de finanzielle Volet vum Projet ze definéieren, fir datt mir den Entreprisen kënnen ze soen, wat et kaascht fir en Terrain ze lounen an eben drop ze bauen oder fir eng Fläch an engem Gebai, vun der Gemeng gebaut, ze lounen.
An deene Gespréicher ass och analyséiert ginn, wat ee gemeinsam ka maachen, eng gemeinsam Heizzentral, Reewaassernotzung, Energieproduktioun, gemeinsam Offallgestioun asw. … Nieft dësen offensichtlechen Méiglechkeeten vu Synergien ass och gekuckt ginn, ob ee net eenzel Flächen ka gemeinsam notzen, wéi Konferenzräim, Seminairsäll, Refektoiren, Kitchinette, Openthaltsräim asw. … Mä och Stellplazen fir temporaire Notzungen beim Op- an Oflueden oder e gemeinsame Showroom, wou e puer Entreprisen hir Produiten besser kënnen duerstellen ewéi een eleng, sinn iwwerluecht ginn.
Et ass och iwwerluecht ginn, ob net kann um Daach vum Gebai e Gaard ugeluecht ka ginn, déi fir e Gäertner fir Clienten als Illustratioun vun méiglechen Aménagementer déngen kënne oder et gëtt eng Plaz, déi vun de Beschäftegten als an de Pausen als Espace de Séjour ka genotzt ginn. Kéint net z.B. d’Gréngfläch um Gemengenterrain als Pépinière genotzt ginn an esou ugeluecht ginn, dass eng Spillplaz do mat integréiert gëtt, déi vun de Kanner aus der Crèche kënne genotzt ginn.
Mer si nach méi wäit gaangen an hu ugeschwat ob net z.B. e Kran, dee vun enger Entreprise gebraucht gëtt, och fir anerer vu Notze wier oder Stockagefläch gemeinsam kéinte genotzt ginn oder carrément, ob net déi eng Entreprise Material verlount wat déi aner brauch an haut am Stock leien huet, fir et just heiansdo ze notzen, wéi z.B. Material vun enger Stee. Der gesitt, mer sinn déif an den Detail gaangen mat den Entreprisen, wat vun dësen awer appréciéiert ginn ass a wou munchereen säin aktuellt Fonctionnement hannerfrot huet.
De finanzielle Volet huet LUXSTRATEGY fir eis am Detail gekuckt an déi verschidde Méiglechkeete vu Notzung analyséiert a chiffréiert. Déi Entreprisen, déi mer am Juni gesinn hunn Enn Juli e Courrier kritt mat konkrete Propositiounen fir
1. en Terrain am droit de superficie oder
2. d’Notzfläche an engem Gebai, wat vun der Gemeng gebaut gëtt. Si sollen eis bis an de September e Retour ginn an sech engagéieren de Wee mat eis ze goen. 10 vun de 14 Entreprisen hu bis elo positiv geäntwert. Mer hunn eis weider iwwerluecht, wéi mer déi aner Entreprisen, déi elo net kënnen op eng Gemengefläch kommen, méi ewéi 50 an der Zuel, wéi mer déi kënnen a Clusteren zesummefaassen fir se sënnvoll zesummenzesetzen. Och hei wäerte mer déi Gespréicher tëscht private Propriétairen an Entreprisen intensiv begleeden.
D’Konzept vun der Economie circulaire kënne mer hinnen net imposéieren, mä dat Vertrauensverhältniss, wat mer mat de Propriétairen an de vergaangene Méint a Joren opgebaut hunn, hëlleft ouni Zweiwel fir eis Iddien och op déi privat Terraiën ze iwwerdroen.
D’Konzept wat zesumme mat POSITIVIMPAKT ausgeschafft ginn ass, ass eng wichteg Basis, déi mer scho mat hinnen an e puer Réuniounen ënner der Leedung vum Marc Spautz diskutéiert hunn an déi allgemeng positiv opgeholl gi sinn. Eist Konzept soll fir sie eng Guideline sinn fir hiren Terrain ze entwéckelen.
Zwee vun de Propriétairen hunn sech scho kloer ausgeschwat datt se dës Prinzipien wëllen iwwerhuelen.
Mer kënnen eis och virstellen, hinnen déi Viraarbecht vum Büro Witry&Witry zur Verfügung ze stellen fir de Volet Architektur, woumadder se Käschte kënne spueren, well d’Entwécklungsaarbecht gemaach ass. Anersäits kann dëst natierlech der ganzer Zone ze gudd kommen, wann d’Architektur vun de Gebaier sech uneneen upasst. Et ware scho vill Gespréicher an et wäerte der nach vill nokommen.
De 14. November 2019 huet den Architekt mat den interesséierte Betriber, weider Gespréicher gefouert fir d’Konzept vun de Gebaier um ëffentlechen Terrain ze präziséieren.
No enger Ofstëmmungssitzung tëscht eisem Service an dem Architekt sinn nach opstoend Froën gekläert ginn an d’Konklusiounen heivun ginn de Betriber viru Chrëschtdag nach zougeschéckt, fir hiren Aval ze kréien. Nom Retour vun de Betriber wäerte mer kënnen Ufank 2020 en APS erstellen an déi néideg Krediter dann och an de Budget aschreiwen. Weider Gespréicher mam ZARE sinn och nach néideg fir ze kucken, wien de Finanzement vum Projet soll droen. Mir rechnen domadder Enn 2020 mat de Bauaarbechte kënnen unzefänken. E Merci un de Schäffen Marc Spautz an och d’Servicer fir d’Koordinatiounsaarbecht.
Et versteet sech vum selwen, dat eis zone d’activité économique op Herbett an dësem Budget selbstverständlech déi noutwenneg Krediter akkordéiert kritt.
D’Fro vun de Suen
Egal wellech politesch Prioritéit a Schwéierpunkte festgeschriwwen oder gewënscht sinn. Et geschitt Näischt ouni déi entspriechend Suen.
Dofir d’Fro. Wéi ass dann déi aktuell finanziell Situatioun vun der Gemeng ?
Ech soen einfach salopp: déi eis gutt, hei ass iwwer déi lescht Jore ëmmer nees gutt geplangt a virsiichteg investéiert ginn, a last but not least profitéiere mir vun der aktueller gesonder ekonomescher Situatioun vun eisem Land a woren och net bei de Verléierer – wann et där iwwerhaapt gi sinn – vun der rezenter Gemengefinanzreform.
• Den Investitiounsvolumen ass a bleift héich!
• D’Scholdesituatioun ass méi ewéi gutt
• Eis Capacité financière bleiwt erhalen
• D’Schéier tëschent Recette ordinaire an Dépense ordinaire ass am grénge Beräich
• An een Appel fir den Duuscht oder méi ass op d’Säit geluet ginn.
Dowéinst hei e puer Eckdaten, déi ze kommentéiere sinn
De Budget Rectifié fir den Exercice 2019 ass par Rapport zum Budget Initial 2020 an alle Beräicher esouwuel am ordinäre wéi och am extraordinäre Service massive verännert.
• Bei den ordinäre Recette stinn am Rectifié 44,23 Milliounen Euro par rapport zu 45,91 Milliounen Euro am Initial zu Buch, e plus deemno vun 1,68 Milliounen,… bei den Dépense sinn et allerdéngs och mat 39,26 Millioune par rapport zum initial vun 40,76 Milliounen e Plus vun Ausgabe vun 1,5 Milliounen, néanmoins klëmmt de Boni propre op 5,1 Milliounen erop. D’Augmentatioun vun de Recette mat 1,68 steet quasi am Gläichgewicht mat den 1,5 Mio méi un Dépense … opgepasst soen ech – a net ech eleng – d’Recetten leien op héighem Niveau, a mir sollen eis net verféiere lossen, datt dat ëmmer esou bleift … Skepsis a Virsiicht sinn egal wéi nie falsch!
Déi 1,68 Millioune si vrun allem duerch méi Recetten am Fonds de dotation globale des communes ze erklären.
Ech wëll och direkt drop hiweisen, datt bal 80% vun den ordinäre Recettë aus Impôt Foncier (255 000), Impôt Commercial (1 590 000) an dem Fonds de dotation global des communes (34,82 Milliounen) stammen. Ass déi ekonomesch Situatioun ok, da stëmmt och de Fric fir d’Gemeng.
Bleiwe mir um Budget rectifié.
Et fällt op, datt am Budget 2019 initial, 15,17 Mio Recetten extraordinaire virgesi woren an 28,05 Mio Euro dépense extraordinaire. Dës béid d’Zuele si massive reduzéiert ginn op 8,5 Milioune bei de Recetten an op 17,4 bei Mio Euro Dépensen am extraordinaire Beräich….
Dës Rectificatioune sinn der Tatsaach geschëllt, datt Projets, net esou an d’Geld geschloen hunn ewéi virgesinn, … oder datt d’Projets net esou séier ugefangen hunn ewéi geduecht, dat concernéiert virun allem d’Haus A Kassen, d’Réfection vun der Moulin Bestgen, … an och d’Velospiste, wou elo lues a lues d’Factures kommen … a mir solle net vergiessen, datt de Bau hei am Land komplett iwwerlaf ass
Datt den Dossier Haus A Kassen retardéiert ass, ass der Tatsaach geschëllt, datt mir de Projet a villen Hinsichten iwwerschafft a modifizéiert hunn. Mir wollten an d’Cogénératioun ëmmerhin 3,7 Mio Euro investéieren fir ënnert anerem d’Liaisioun vun de Cogénératiounsanalgen ze konkretiséieren, fir de weideren Uschloss vun ëffentlechen a privaten Haiser an fir de Remplacement vun der Anlag an der Maison de Soins, ze erméiglechen, déi sech iwwert d’Joeren bewäert huet an elo eben soll erneiert ginn.
Dat ass net geschitt. Fir de Rectifié 2019 sinn 50 000 a fir de Budget 2020 sinn 100 000 Euro zréckbal ginn … Mir musse kucken wéi den Dossier Cogénératioun an der Gériatrie weidergeet …
Mat weider klengen Modifikatiounen op verschidden anere Punkten erginn dat bal 10,6 Mio Rektifikatioune.
Des Modifikatiounen oder Rektifikatiounen am ordinaire Beräich ewéi och am extraordinaire Beräich erginn e Boni general vun 16,39 Mio.. …
Ofgereechent de Mali aus dem extraordinaire Beräich vun 8,89 Mio ergëtt demno e Boni présumé fir 2019 vun 7,49 Mio, déi an de Budget 2020 iwerschriwwe ginn.
Dat presentéiert sech gutt, an et ass gewosst, datt eis eigentlech erréicht de compte vun 2019 déi tatsächlech Situatioun zréckspigelt- wat ass wierklech u Recetten era komm a wat ass wierklech u Suen investéiert ginn!
Ech wëll hei net verstoppe, dat besonnesch am Beräich vun den extraordinairen Dépensen ëmmer eng Rei vun Inconnuen sinn. Mir hunn am Rectifié den Autorisé vu bal 28,05 op elo 17,4 Mio Euro ugepasst….. Mir hunn allerdéngs bis elo eréicht Mandats ausbezuelt vu knapp iwwer 10 Mio Euro. Bis Enn Mäerz 2020 missten sech deemno nach Facturen ausweisen an enger Gréissenuerdnung vu bal 7 Mio. Ech soen hei, et ass en Dossier à suivre. Et ass domadder awer och ze gesinn, dat de Budget ëmmer e visionäre Charakter huet.
Néanmoins dierf festgestallt ginn, datt mir kënnen op eng gutt a stabil Finanzsituatioun kënne zréckgräifen.
Am Budget 2020 klammen eis ordinär Recetten op 45,91 Mio Euro, dat ass par rapport zum rectifié 2019 eng Steigerung vun 1,6 Mio Euro oder vun 3,79 %. Eis ordinär Depensen klammen allerdéngs vun 39,26 op 40,76 Mio … dat sinn 1,5 Mio Euro méi oder eben eng Steigerung vun 3,82 % .. et hält sech alles am Gläichgewicht …
Allerdéngs hu mär eise Budget nees opgestallt mat enger Réserve budgétaire vun 4,4 Mio Euro am Rectifié 2019 an mat 5,5 Mio am initial 2020.
Dës Dotations au Fonds de réserve geschitt an der Absicht op Reserven zréckgräifen ze kënne fir Investitioune besser ze geréieren, fir quasi en Appel fir den Duuscht ze hunn, net fir Liquiditéitssituatiounen ze meeschteren!! Mier wëssen, datt an Zukunft eng Rei grouss Projeten an d’Haus stinn, a kënnen dësen esou besser entgéinttrieden. Et ass bewosst esou agéiert ginn.
Mir hunn am extraordinairen Beräich mat 6,97 Mio Recetten an prévisionnéierten 18,67 Mio Euro Dépensen deemno e Mali vun 11,7 Mio Euro. De korrigéierte Boni propre vun eben 12,64 Mio geet deemno zu 92,56% duer fir dësen Mali ofzedecken, dat ass eng gutt Situatioun.
De présuméierte Boni aus 2019 vun 7,49 Mio Euro ergëtt een eigentlechen Boni general vun eben 12,64 Mio Euro.
De Mali vu bal 11,7 Mio Euro aus dem extraordinäre Beräich ergëtt deemno e Boni definitiv vun 939 860,91 Euro, dat ass genuch Spillraum fir eventuell Modificatiounen, déi sech am Laf vun 2019 erginn an zesumme mat de Suen aus dem Fonds de Réserve budgétaire ass dëse Spillraum nach méi grouss.
Mir hunn mat 18,67 Mio extraordinär Depensen natierlech nees een héichen Investitiounsvolumen am Budget 2020 ageschriwen. Ob dësen integral verschafft gëtt, ass natierlech ze erhoffen an et ass och déi politesch Absicht.
Néanmoins huet de Budget 2019 respektiv d’Chiffren am Rectifié 2019 gewisen, dass duerch Emstänn, d’Previsiounen zu Visioune kënne ginn!
Mir hunn vill mat de Servicer diskutéiert a versicht de Budget de Realitéiten unzepassen.
Zum Budget 2020: e puer Eckdaten
Hapteinnahmequellen lafen iwwer den Impôt foncier, a natierlech iwwer den Impôt commercial an zur Haptsaach iwwer de Fond de dotation communale, dat aleng sinn gutt 75,84 %
D’Recetten, déi am Prinzip eis Käschtendeckung solle garantéieren, sinn eis Wasser- an Ofwaassertaxen ewéi och eis Reglement iwwer den Offall.
TAXES / Taxe d’eau: 2,25 € /m3 / Taxe canal: 1,75 € / m3
Eau | Eaux usées | Déchets | |
Recettes ordinaires | 1.576.700 | 1.255.000 | 1.391.150 |
Dépenses ordinaires | 1.036.580 | 784.639 | 1.495.456 |
Différence | 540.120 | 470.361 | -104.306 |
• E Bléck dann op d’Taxen vum Waasser. Beim Ofwaaser stinn bei de Recetten 1 255 250 Euro zu 784 639 Euro un Dépensen.
Dat ass nun wierklech e Plus vun 470 361 Euro, allerdéngs e fiktiven Plus, well och hei net all Dépensen, net all Onkäschten, Investitiounen a Parameter erfaasst sinn an dësem Artikel. Si sinn oft iwwer aner Artiklen ventiléiert, wou d’Zommen net direkt erauszeliesen sinn. Hei ass eng Diskussioun ubruecht fir effektiv Plusen, déi sech kéinten erginn, an e Fong ze setzen.
Op den eischte Bléck ass dat jo eigentlech e Boni. Et muss een awer wëssen, datt an – an dat zielt och fir d’Waassertaxen – ,datt eben an den dépenses ordinaires op dësem Artikel net all Onkäschten zum droe kommen oder besser gesot net erfasst sinn, déi eigentlech ufalen … dat ass zum Beispill de Fuerpark vum Atelier, dat sinn d’Aarbechte vun de Leit aus dem Atelier fir den Dréck ze sammelen an ze gestionéieren.
• Wat Drénkwaaser concernéiert, och hei ass festzestellen, de Bléck op d’Relatioun Recetten zu Dépensen mat 1,58 Mio Euro zu 1,04 Euro, dat eben och hei sech eng positiv Situatioun mat Plus 540 120 Euro ausweist.
Allerdéngs ass d’Recette, also d’Taxe esou opgebaut, dëst no de Regelen oder Virgaben vum Ministär, datt se de reellen ufallenden Onkäschten Rechnung dréit. Och hei ass de Boni e quasi fiktiven. Och hei soll driwwer nogeduet ginn, iwwer d’Speisung vun engem Fong nozedenken. Hei ass d’Iwwerleeung vun enger Modifikatioun oder Adaptatioun vum Taxereglement dorop ausgeriicht oder fokusséiert fir d’Incitatioun Waasser ze spueren ze fërderen, wien verbëtzt soll eigentllech méi bezuelen, et geet drëm de Konsum vun dësem kostbaren an onschätzbarem Gut ze reduzéieren.
Et ass jo gewosst, datt mir am Beräich Wassertaxen en Neit Reglement wëllen op d’Schinn bréngen, dëst mat engem Prinzip vum gestaffelte Waasserpräis, dëst fënnt säi Néierschlag nach net am Budget 2020 … soll allerdéngs de Konsument zu engem méi spuersamen Ëmgaang mat Waasser motivéieren … d’Waasser essentiel fir ze liewen, dofir wichteg net ze verbëtzen, ass de Message prinicipal …
• Am Beräich vum Müll stinn 1,39 Mio Recetten 1,49 Mio Dépense géintiwwer, dat esou wuel am Recitifié ewéi och am Initial 2020.
Wat den Beräich Déchets ugeet : do ass jo een Neit Reglement votéiert ginn, wat eis awer leider bei der Opstellung a virun der Fäerdegstelltung vum Budgetsdokument nach net zougestallt wor … esou, datt déi nei Mossnahmen am Budget nach keng offentsichtlech Reperkussioun hunn … néanmoins rechne mir domatter, well d’Reglement kann en vigueur trieden, datt mam Méirecetten ze rechnen ass ewéi eigentlech mat 1,391 Millioune previsionnéiert ..
Mir kënnen zefridde sinn mat eisem System. Net einfach esou hu mir jo de Climate Star kritt. Eist Mülltaxesystem ass ok, hien motivéiert zum Recyclage, wien trennt, spuert d’Geld, a mécht eppes fir d’Emwelt. D’Ziel ass et elo de System ze verfeineren an op eng ProKapp ProJoer Drëckssituatioun ze kommen, wou nach just 100 Kg net-recycléiertbaren Déchets an der schwaarzer Dréckskëscht ze fannen ass. Dofir sinn eng Rei vu Modificatiounen bei der Taxe de déchets geholl ginn.
E WUERT ZU DEN ENGAGEMENTS FINANCIERS AN DE SYNDIKATEN
Sycosal: 401.391,00 €
TICE: 1.244.817,95 €
SIVEC: 869.489,00 €
Sicec: 1.100,00 €
Syvicol: 14.534,00 €
Minett Kompost- 185.000,00 €
Sidor: 160.000,00 €
SIGI: 342.844,24 €
Sicona: 19359,66 €
Pro Sud: 35.000,00 €
GECT : 10.000,00 €
———————————————————–
Total: 3.283.535,85€ (= 8,05 % des dépenses ordinaires)
Mat 3,29 Mio ass dat nawell net wéineg! Net vergiessen, datt déi eenzel Syndikater ouni Zweifel wäertvoll ergänzend Aarbechte maachen, déi net vun der Gemeng aleng ze assuréiere wier.
D’Scholdsituatioun: Pro Kapp just 1355 Euro
Ier ech verschidden weider Aspekter vum Budget analyséieren oder beliichten, wollt ech awer nach e puer Wuert soen iwwert eis Scholdsituatioun.
Op Gronn vun den aktuelle Gegebenheeten – Recetten, déi klammen – Dépensen, déi raisonnabel a virsiichteg definéiert sinn, gesond Liquiditéiten – ass och dëse Budget ouni op Friemkapital zréckzegräifen, ouni weideren Emprunt anzeschreiwen, opgestallt ginn. (bon bei Suen, déi an de Reservefong geluet ginn, ass dat mengen ech eng einfach Ausso!!)
Kënnt derbäi, datt eis Scholdensituatioun eng gutt ass. De Solde vun de Scholden beleeft sech op den 31. Dezember 2019 op 17,96 Mio Euro a steet um Enn 2020 bei 15,72 Mio Euro.
Mat Annuitéiten vun 2,25 Mio Euro d’Joer – dat sinn 5,5 % vun den dépense ordinaire 2020, also gutt ënner 6 % – sti mir stabil, gutt a gesond. Dat sinn iwwregens knapp 43,7% vum Boni ordinaire!
2020 leeft en Emprunt aus. Nach eng Info zu den negativen Zënsen, déi aus dem Tableau erauszeliese sinn. Negativ Zënsen ginn als zousätzlechen Remboursement um Kapital gewäert a mussen also am Tableau vun den Zënsen neutraliséiert ginn, well mär soss net genuch Krediter hätten. Am Tableau sinn och Tauxen affichéiert. All eis Emprunten laafen ënnert dem Eurobar 3 Méint an et ass d’Spuerkees als eenzeg Bank, déi dann och de negativen Taux applizéiert.
Wann och net an allen Hinsichten aussagekräfteg! Eis Prokappverschëldung Ënn 2018 mat 20,47 Mio Euro an 10800 Awunner wor se bei 1895.-, Ënn 2019 mat 17,96 Mio Euro an 11370 Awunner ass se bei 1580.-, Ënn 2020 mat 15,72 Mio Euro Schold an estiméierten 11600 Awunner reduzéiert sech deemno eis Prokappverschëldung op 1355.-Euro.
Dat ass eng gesond Situatioun, déi awer ze relativéieren ass, besonnesch wat d’Awunnerzuel ugeet. Wat méi Awunner wat se da méi kleng gëtt. Vill méi wichteg an aussoekräfteg ass allerdéngs d’Taatsaach, dat eis Annutéiten zu den Dépense ordinär ënnert 6 % leien, (ech mengen zu den Recette ordinaire sinn et knapp 5%) daat beweist, datt Spillraum no uewen ass.
Eng Schold vun iwwer 5 Mio mat Annuitéiten vun 25.000.- Euro iwwer 20 Joer ze bezuelen, ass deemno ouni weideres ze verkraften. Och dat ass en Hiweis, datt eis Gemeng eng gesond Finanzsituatioun huet an och weider investitounsfäeg fir d’Zukunft bleiwt. … e Bléck op de PPF an déi do ageschriwwe Projets weisen allerdéngs, datt mir virsechteg musse bleiwen, jo Spillraum ass do, awer net zu all Präiss … ech denken esouguer, datt mir opgeruff sinn eng Detailanalys unzegoen an net dolaanscht kommen d’Prävisiounen korrekt ze definéieren … mat den Diskussiounen ronderëm den Masterplang geschitt dat och!!
… nach emol eis Finanzsituatioun ass ok, et ass awer net verbueden ze hannerfroen a Korrekturen do unzebréngen, wou et méiglech a néideg ass … dës alles mam Bléck op eis künfteg a noutwenneg Démarche fir eis Bildungslandschaft nei opzestellen, fir d’ZAE Op Herbett virunzedreiwen, a fir iwwer nei sportlech a kulturell oder och administrativ Infrastrukturen nozedenken !!!
Wat d’Investitiounsfähegkeet ugeet bleiwen mir an der Kontinuitéit mat de Projeten vum Haus A Kassen, wou nei Geschäftslokalitéiten, neie Wunnraum, e Centre médicale an nei Aktivitéiten fir d’lokal Veräiner ugeduecht sinn, ech verweisen hei nach emol drop, datt mir dëse Projet de Realitéite an den Noutwendegkeeten vun de künftegen Locatairen ugepasst hunn an domadder de Projet fir d’Finanzen vun der Gemeng méi raisonabel orientéiert hunn, an op méi korrekt Féiss gestallt hunn. Datt de Projet d’leescht Woch mat engem neien APS presentéiert ginn ass, huet och als Ursaach, datt d’Nopeschhaus, dat mir der Croix Rouge an Hëllef Doheem ofkaf hunn … an de Projet matagebonne ginn ass.
De Projet Boulodrome an dat neit Déierenasyl lafen an déi Final Etapp eran, … ëmmerhin ginn 2,7 respektiv 1,7 Mio op déi zwee Exercice Rectifié 2019 an Initial 2020 ageschriwwen …. dat selwecht gëllt eigentlech och fir alles, wat mat dem Projet Nei Entrée an de Centre zedinn huet, obwuel et relativ schleefend ass a guer net dem Planing méi entsprëcht …
… Nei Vélosweëér a nei Foussgängerwee sinn bal fäerdeg, an endlech eraus ass der Planungsphase. Sie all sollen dozou bäidroen der mobilité douce / active eng nei Dynamik ze ginn. D’Transformatiounsarbechten fir d’Moulin Bestgen gi mat iwwer 600.000 Euro Mio am Budget fixéiert, 100 000 am Rectifié an 500 000 fir 2020! Donieft net ze vergiessen, déi Investitiounen, déi um Stade Jean Jacoby envisagéiert ginn … mir hu fir d’Modernisatioun vum Stadion bal 300 000 un Devis déi leescht Woch gestëmmt an an de Budget ageschriwwe … et ass fir national an international Kompetitiounen eng Plus Value
Niewt dëse Projet’en sinn awer och eng Rei nei Initiativen, nei politesch Prioritéiten an dësem Budget festgehalen…. Mesuren a Projets, déi eisem Koalitiounsprogramm Rechnung droen, Investitiounen op der anerer Säit, déi sech duerch Diskussiounen vum Masterplang elo schonns erauskristalliséiert hunn.
Dat sinn Etuden fir de Bau oder Konstruktioun vun neien Bürosreimlechkeeten fir an eis Gemengenservicer, mat Logementer an der Drusenheimstrooss mat 200 000 ageschriwwen, …
…- dat betrefft och eise Wëllen fir déi néideg Modifikatiounen vum PAG an déi domadder verbonnen Définitiounen vu PAP weider ze dreiwen, …
…. d’Renovatioun vum Ausseberäich vun eisem Stadhaus, vun der Gemeng, weider verbonnen mat enger mise en conformité nom principe vum Desing for all, dëst mat 650.000 Euro am Budget 2019 rectifié an 1,3 Mio am Initial 2020!
Mir wëllen endlech och viru kommen mat dem Réaménagement an dem Assainissement vun der Industriezone Op Monkeler. 150.000 Euro ass den Ufank fir infrastrukturell an ëmwelttechnesch Noutwendegkeeten resolut unzepaacken. Et ass, neen et soll dëst e Schrëtt a Richtung Verbesserung vum Stroosse- a Kanalnetz ginn, verbonne mam Zil d’Ëmweltbelaaschtungen fir Mensch an Natur ze reduzéieren an eng besser Ofwaasergestioun ze organiséieren … ab und zu kann d’Uelzecht dowunner e Lidd sangen, wann knaschteg Ofwaasser statt an de Kanal an der Uelzecht landen.
Hei sinn allerdéngs mir net alleng gefuedert, hei mussen Betriber selwer Hand mat upaken, hei mussen och déi concernéiert Ministären an Administratiounen hier Responsabilitéite an d’Spill bréngen. Ouni Partnerschaft tëschent d’Gemeng, Ministär a Verwaltung a Betrieber fuere mir an eng Saackgaass.
Am Budget rectifié sinn och déi Mëttelen ageschriwwe fir dem Office Social mat all sengen Servicer eng méi optimal Aarbecht ze erméiglechen, mat ëmmerhin 335.000 Euro ass d’Haus n°13 op der rue du Pont transforméiert ginn.
Fir datt d’Maison Relais der Nofro, besonnesch wat den Accueil Repas de Midi ugeet, ka Rechnung droen, hu mir iwwer de Budget eng Mise en conformité vum Veräinshaus mat allem, wat usteet, fir den agrément d’exploitation ze garantéieren. Iwwer eng Konventioun gëtt de Prinzip vum Invest a vun de geschëllte Loyer sgeklärt. Ageschriwwe sinn 110 000 Euros an am Budget rectifié kommen nach zousätzlech 120 000 Euro dobäi fir d’Mise en conformité vun Säll an Schoulgebeier, wou d’Maison Relais Servicer offréiert. Mir konnten duerch dës Mossnahm méi Kanner eng Méiglechkeet offréieren fir vun der Maison Relais ze profitéieren. Entgéint aneren Behaptungen hu mir mat der Maison Relais nei Méiglechkeeten organiséiert … wuelwëssend, datt Handlungsbedarf nach wie vor besteet.
Mir bleiwen eng Klimaschutzgemeng, wëllen alles dru setzen fir eis Rezertifizéierung als European Energy Award Gold – Gemeng ze konfirméieren, dat alles bedéngt Investitioune fir eng nohalteg an ëmweltorientéiert Energiepolitik….
Am selwechte Geescht sinn och d’Investitounen fir Mise en conformité du Réseau d’assainissement am “Aalen Escher Wee” (450 000 Euro) , an d’Frais vum Ausbau vun der Kläranlag (eng Partizipatioun vun der Gemeng mat 200 0000 Euro) ze gesinn.
Mir woren aktiv an der Lutte géint de Kaméidi a hunn dofir eng Impaktstudie iwwert de Kaméidi vun der A13 lancéiert. Mir waarden elo op d’Resultater!
Een Invest fir Nohaltegkeet an fir Energiespueren concernéieren d’Installatioun vun Photovoltaiqueanlagen, d’Mesuren fir Stroum ze spueren an d’Opstellung vun enger Eolienne a Form vun engem Wandbam am urbanen Raum. Och den LED System beim éclairage publique gëtt weiderhin systematesch ëmgesat, ëmmerhinn 500 000 Euro sinn ageschriwwen. (net ze vergiessen, datt mir hei am Service eis Kompetenzen erweidert hunn an e quasi Expert en la matière agestallt hunn)
Grouss Hoffnung setze mir weiderhin an de Projet Renaturéierung vun der Uelzecht am Raum Am Pudel/an Am Brill, wuelhoffend, datt hei endlech eppes geschitt. Eng Knapp Mio ass alt nees virgesinn am Budget 2020.
Och d’Renaturéierung vun der Kiemelbach konkretiséiert sech. Sie läit eis Häerz, an ass jo och mat der Zone d’Activité économique op Herbett quasi virgesinn – och hei sinn iwwer 1,2 Mio Euro am Budget ageschriwwen. Béid Renaturéierungsprojet’en ginn jo staatlech subventionnéiert a mir stäippen déi entspriechent Virfinanzéierungen.
Et versteet sech vum selwen, datt fir den Aménagement vum Neien Accès Centre Ville am Rectifié 380 000 Euro an am Budget 2020 nach weider 140 000-Euro ageschriwwe sinn. De gesamten Investitiounsvolumen gëtt jo zu je 45 % vum Fonds du Rail a Ponts et Chaussées a mat 10 % vun der Gemeng gedroen, also finanzéiert.
D’Mobilité douce oder active ze promovéieren, dëst steet enger Klimapaktgemeng gutt zu Gesiicht, an dat geschitt dofir och an dësem Budget: de System Vélo’ok gëtt ausgebaut … e Balisage fir chemins piétonniers gëtt realiséiert, d’Konstruktion vun der Vélospiste laanscht d’Eisebunn gëtt etappeweis ëmgesat, am selwechten Sënn ass d’Prolongatioun vun der Piste cyclable tëschent der rue du Pont an der rue Aloyse Kayser ze bewäerten.
Och den Aménagement vun enger Foussgänger- a Vélospiste ronderem oder bei zone d’activité économique Op Herbett bis op zone d’activité Féiz entsprécht der Philosophie fir d’mobilité douce auszebauen, méi sécher ze maachen, a verbonnen mat der Méiglechkeet sech un dat Nationalt Vélosweeernetz unzeschléissen.
Am extraordinären Beräich vun den Dépensen gëtt dann och fir ronn 1,3 Mio (rectifié 527 000 Euro / Budget 776.000.- Euro ) de Fuerpark vum Atelier erweidert.
Eng net onwichteg technesch Installatioun ass de Remplacement am Waasserbasseng op der Weimeschkoeppchen fir emmerhin 500.000 Euro. Eng gläichermoossen infrastrukturell technesch wéi och ëmweltorientéiert Moosnahm, dëst mam Bléck op d’Kontroll an Reduktioun vum Drénkwaasserverbrauch! Opgedeelt op rectifié mat 150 000 an Initial 2020 mat 350 000.
Méi Gréngs an eis Uertschaft! Mir maachen dat. Mir hunn mam Bësch a mat de Naturreservater eng flott Gréngzon ronderëm eis Gemeng. Aus de Masterplang-Debatten ass ervirgaangen, datt méi Gréngs am Zentrum erwënscht ass.
Mir maachen dat, mat der Aménagéieren vun engem Park am centre ville, um Ausgang vun der Drusenheimstrooss an d’Libertiounsstrooss eran gëtt statt Betonsbau eng Grénganlag aménagéiert fir ëmmerhin 330.000 Euro, … leider sollt dat schonns dëst Joer realiséiert ginn, leider ass den CFL-Chantier net esou avancéiert ewéi geduecht, dofir de Retard…. den urban gardening ass e Projet mat enger flotter Dynamik, déi mir net brieche wëlle, dofir gëtt des Initiative, gebuer an eisem Klimateam an an der Emweltkommissioun weiderhin ennerstezt,
… d’Hedingerstrooss sollt an dësem Senn och reaménagéiert ginn / hei sinn d’Etuden gemeet an et steet Näischt am Wee den Awunner d’Pläng virzeleeën …!
Eise Gemengplaz soll sech besonnesch am Summer méi convivial a frëndlech presentéieren an zou enger lieweger zone de rencontre fir eis Matbierger ginn dëst duerch e jardin éphémère, also eppes temporäres soll dat réusséieren/realiséieren. Mat den Erfarungen vun dësem Joer gëtt och hei eng weider Etapp vollzunn.
Last but not least ass eisen Engagement och op d’Schoul an d’Kannerbertreiung fixéiert. Den extraordinairen Mëttelen no sinn am rectifié ronn 560 000 Euro an am Budget initial 1,7 Mio Euro virgesinn … et ass dëst d’Suite vun den Diskussiounen iwwert nei Perspektiven vun eiser Schoul a Kannerbetreiung …. de Masterplang Bildungslandschaft Schëffleng, de Réaménagement vun der Lydie Schmit Schoul, den Neibau vu Schoulen maachen aleng schonns 560.000 Euro un Etuden aus fir alles an d’Rullen ze bréngen, plus de Bau vun Sportschoulinfrastrukturen mat 300 000 Euro!
Alles an Allem ass mat 18 Mio en héigen Investitiounsvolumen, deen deelweis iwwer recette extraordinaire mat ofgedeckt gëtt.
De Fonds de réserve pacte Logement ass eis och eng gutt Stäip, iwwer dëse Wee finanzéiere mir mat 1,6 Mio de Projet Haus A Kassen (250 000), DE Porjet Moulin de Bestgen (250 000), de Boulodrome (700 000) an d’Velospiste mat 400 000. Da lieft eis recette extraordinaire och vu Subsiden a Subventiounen.
Esou wéit zum extraordinären Deel!
Awer all Basis fir eng gutt Gestioun vum Budget ass och den ordinären Deel.
Eis gutt Situatioun am ordinären Deel, ’Schéier tëschent Recette ordinaire – dépense ordinaire ass gutt, d’Recetten klammen kontinuéierlech an dépense lafen net fort! Am Rectifié sinn et 4,97 Mio an am Budget 20 sinn der 5,15 (den Fonds de réserve budgétaire eraus gerechent sinn et esouguer 9,37 respektiv 9,9 Mio!)
Mir hunn eis Dépensen am Grëff.
De Budget 2020 gëtt allerdéngs zu bal 80 % iwwer Steiersuen ofgedeck. Dat weist deemno eis Ofhängegkeet vun der ekonomescher Situatioun vum Staat. Ech wëll mech hei net widderhuele, awer geet et dem Staat gutt, profitéieren eben och d’Gemengen.
Déi aner 25% Recetten kommen e.a. mat eran iwwer Loyer, och fir aner Locatiounen ënnert anerem Buvette, Tennishal, Centre Sportif, …. dann och iwwer Remboursementer zum Beispill vun der Maison Relais an d’Redevancen vum Exploitant vum Restaurant …. dann d’Allocatiounen fir Travailleurs handicapés …. iwwer d’Subventiounen fir d’Contrats d’apprentis oder fir Leit, déi an de Mesuren d’emploi sinn… hei erfëlle mir och eng noutwenneg Sozialaufgab.
…. an dann net ze vergiessen iwwert Vente vun Chaleur, Elektrizitéit a Cogénératioun an der Gréissenuerdnung vun 700 000 bis 850.000 Euro
Néanmoins ass daat awer een Invest, deen sech méi ewéi gelount huet an eis och entspriechend Recetten iwwert déi lescht Joeren an d’Caisse gespullt huet, vill Geld!! Déi aner Haapteinnahmen resüméieren aus den Taxen fir Müll, Waasser, an Ofwaasser.
Net ze vergiessen, och, datt aus eisem Engagement als Klimapaktgemeng eng Rei Finanzen resultéieren, … a mat ëmmerhin 360.000.- Euro gëtt eise Klimaschutzengagement net schlecht honoréiert an hei gëllt et sech op d’Been ze stellen fir weiderhinn eng Klimaschutzzertifizéiert Gemeng ze bleiwen.
Emmer nees gefrot, wat bréngen eis Horodateurs, eis Vignettes de stationnement resp. d’Avertissements taxés….laut Budget 2020 bis zu 160.000 Euro. Voilà dat sinn séi wesentlech Recetten ! Et faalen nach Recetten un am Beräich vum Material, wat emol verlount gëtt, vun der Locatioun fir d’Piscine un aner Gemengen an der Gréissenuerdnung vun 130.000.- Euro an natierlech fir d’Participatioun u verschiddenen Aktivitéiten vun der Gemeng, wéi zum Beispill Sproochekuren, asw….
Do, wou Recetten generéiert ginn, falen natierlech och Dépensen un an des mussen nom beschten Wëssen a Können virsiichteg generéiert ginn.
E Merci un all Servicer fir déi konstruktiv Zesummenarbecht bei der Opstellung vum Budget. E Merci och, datt de Virgaben vun dem Schäfferot, wäitgehend Rechnung gedroen ginn ass. Dese Budget huet a sengem ordinären Deel bei den Dépensen den “Touch vum Zerobasebudgeting”! Desen Prinzip ass eng vun den Ursaachen, datt eis Dépensen net fortlafen a weiderhin virsiichteg ageschat ginn.
Ech ginn elo hei net op all Détail an awer e puer Remarken.
Et gi natierlech och d’Servicer vun der Gemeng, déi kengesfalls als käschtendeckend ze organiséieren sinn, déi awer e sozialen oder soss wichtegen Enjeu hunn. Dës Déngschtleeschtungen – wéi de Ruffbus, de Nightrider och eise Piscine oder Sauna – mussen leschtenendes einfach als Service um Bierger ugesi ginn.
Eise sozialen Engagement an eisen Asaz fir d’Entwécklungshëllef sinn natierlech och an dësem Budget reflektéiert: den Engagement vun Schëffleng Hëlleft, dem Team Fairtrade Schëffleng, den Engagement fir den Drëtten Alter, fir d’Aktivitéiten vum Clubhaus beim Kiosk, fir den Domäin vun der Egalité des Chances, fir d’Kannerbetreiung an alles ronderëm d’Maison Relais an d’Foyers scolaires … dat alles maachen bal 2,5 Milliounen Euro aus.
Dat selwescht Prinzip gëllt fir de Beräich vun der Jeunesse, fir zB d’Initiativen vun eiser Jugendkommissioun, fir d’Partizipatioun un der Gestioun vun der Maison des Jeunes mat iwwer 500 000 Euro. D’Maison des Jeunes, déi eng wichteg sozial Aufgab leescht, mat dem Outreacher, mat hiren Fräizäitaktiounen … sie weisen säit iwwer 15 Joer Präsenz um Terrain.
Net abseits sti mir fir de Beschäftegungsinitiativen ze hëllefen, moralesch a finanziell mat elo 336 000 Euro fir de CIGL, déi fir d’Gemeng an fir d’Bierger vill Aufgaben iwwerhuelen, oder fir de ProActif mat 160 000 Euro, och sie sinn eng Stäip bei Villem … a net ze vergiessen eis Partizipatioun un de Frais d’Exploitation vum Office social, haut op bal 550 000 Euro am Budget chiffréiert.
Mir wëllen de Plan communal d’Intégration an de Plan communal fir Senioren mat Liewe fëllen, och fir de Projet “Design for all” si Finanzmëttel iwwer de Budget engagéiert.
• Mat der Aféierung vum CGDIS sinn am Service de secours nei Orientatiounen ze fixéieren, e.a. ass eis Contribution à la mise en place et au fonctionnnement du futur CGDIS mat 390 000 festgeschriwwen ginn; dëst laut Circulaire vum Minister. D’Entwécklung an dësem Beräich ass nach duerch eng Rei Inconnus charakteriséiert. Den CGDIS ass sécherlech um gudde Wee, et bleiwen awer nach Froen op, am Zesummespill Gemeng-CGDIS. Mir sinn jiddenfalls frou, datt eisen Service de Secours – dësen ass jo Bestanddeel vum CGDIS – nach ëmmer operationell ass, an dat soll och esou bleiwen.
Iwwer de Budget assuréiert si natierlech och eis ordinär Dépensen fir eis Associatiounen aus Sport, Kultur a Fräizäit, all eis Festivitéiten a Rezeptiounen e.a. d’Schëfflenger Fest, den Télévie, d’Seniorefest, a villes méi … Mir hunn selbstverständlech och der Situatioun Rechnung gedroen, datt duerch d’Chamber eng Trennung vu Kierch a Staat votéiert ginn ass, an hun déi entspriechend Adaptatiounen am Budget virgeholl. Eisen kommunalen Obligatiounen am Enseignement fondamental kommen mir mat bal 3 Mio Euro no, agerechent eis finanziell Mëttel fir Parascolaire Aktivitéiten oder soss Services annexes, da belafen sech eis ordinär Dépensen op gutt 4,2 Mio Euro. Am grousse Ganzen kann ee soen, datt d’Dépensen am Wesentlechen net vill an d’Luut gaange sinn. Säit 2019 hu mir d’Klassekrediter gehuewen vun 45 Euro op 60 Euro pro Kand am Cycle 2-4. De Préscolaire huet e fixen Montant vun 2100 Euro pro Klass ze gudd an de Précoce kritt 3500 Euro pro Klass.
De gréissten Deel vun den Dépense ordinaire concernéiert natierlech eis Masse salariale, dat sinn 2018: 13 982 138 (also 43%) an am Initial 2019: 14 549 561 (ergo 41% vun den Dépense ordinär) elo am Rectifié sinn et 14 872 262 (plus 1,64%) an am Initial sinn et 15 826 469 (plus 6,5%) .. zur Info: an de Compte 2017 woren et knapp iwwer 13,0 Milliounen Euro. (oder knapp 39% vun den Dépense ordinaire): Deemno eng Augmentation, déi bedingt ass e.a. duerch Méiastellungen an duerch kollektivvertraglech Obligatiounen, duerch Indexupassungen. Op der Recettesäit sinn ronn 650 000 Euro gebucht, dat ass fir eisen Engagement oder Subventiounen fir Apprentis, Leit mat Händikap-statut oder Leit mat enger Mesure iwwer d’Adem cofinanzéiert. Hei erfëlle mir eis sozial Aufgab, ouni Zweiwel!
Ouni an den Deatil ze goen: Op den 31.12.2019 waren
Personnel communal: 243 personnes dont
49 fonctionnaires dont 3 à temps partiel
9 employés communaux dont 3 à temps partiel
9 salariés à tâche intellectuelle dont 4 à temps partiel
176 salariés à tâche manuelle dont 96 à temps partiel
Iwwer déi leescht zwee ass keng gréisser Variatioun feststellen, et ass allerdéngs de Nouwendegkeeten an de Servicer – eis Gemeng wisst – Rechnung gedroe ginn, an nei Leit sinn engagéiert sinn fir Acceuil a Rezeptioun, fir Servicer, déi nei opgestallt gi sinn an och fir der Service Régie …fir de Service SUDD
Zum Ofschloss nach e Bléck op Esch 22
Fir d’Drëtt ass elo Lëtzebuerg als d’Kulturhaaptstad derbäi. Dës Kéier net d’Haaptstad selwer, dofir de Süde vum Land, do wou de Wuelstand vum Land säin Ursprong huet oder entstanen ass, gepräägt vu ville fläissegen a kräftegen Hänn an dem Esprit d’Entreprise vu Leit mat Visiounen.
Schëffleng huet déi grouss Chance bei Esch22 matmachen ze kennen. Dëst ass net nëmmen eng grouss Chance, awer och eng grouss Erausfuerderung, net nëmme wat d’Planifikatioun mat eise Service ugeet, vrun allem och budgetär geduecht musse mir eng Schëpp dropleeën. Mir maachen dat gären an stinn hannert deene Projeten, déi schonns agereecht ginn sinn oder nach wäerten ginn.
Mir maachen dat dubbel gären an gesinn eng Verflichtung doranner Schëffleng an d‘Schëfflenger Leit mat op de Wee ze huelen fir bei Esch22 derbäi ze sinn. Et ass eist Zil Schëffleng endlech op d’Landkaart vun den touristeschten Evenementer a Plazen am Süden, am Minett ze setzen.
Dofir sinn mir derbäi eng Asbl op d’Bënn ze stellen, déi e.a. folgend Aufgaben soll kréien:
• de Lien machen mat Esch22,
• de Public dobaussen informéieren
• déi potential Porteurs de projects informéieren an hinnen ënnert d’Ärem ze gräifen, wann si Hëllef brauchen
fir nëmmen e puer Aufgaben ze nennen….
All Projets, deen finanziell vun Europa ënnerstëtzt gëtt (an dat ass bei Esch22 och de Fall) muss kucken fir nach ee Co-Finanzement ze fannen. Mir als Gemeng stellen eis dem Défi an wëllen all Projet finanziell ënnerstëtzen esouwäit dësen eisen definéierten Kriterien gerecht gëtt. Well sech dës Projets iwwert e puer Joer zéie, wäerte mir an de folgende Joren 20 /21 an 22 ee Montant tëschent 1,5 bis 2 Millioun an de Budget aplange mussen. Am Budget 2020 hu mir d’Zomm oder de Startkapital vun 140.000,- € ageschriwwen.
Bis elo wëssen mir vun 13 Projeten, am Numm vun der Gemeng sinn fënnef Projeen eragereecht ginn. Eng stolz Zuel op der mir ganz houfreg kennen sinn. Et handelt sech primär ëm Schëfflenger Kënschtler sou e.a. dem Yvette Gastauer, dem Skobe alias Jeremy Palluce, dem Josiane Marschal an Daniele Bragoni a villen aneren mat flotten phantasievolle an durable Projets, sou e.a. mat dem David Ianni. Gläichermossen wëlle d’So ronderëm de Marxeweier nei opliewen loossen an mat infrastrukturellen, pädagogeschen a kannerorientéierten Initiativen beräicheren … och mam Bléck eng touristesch Attraktioun op Schëffleng ze bréngen. Mir spillen dann och mat fir de Patrimoine industrielle ronderëm de Stolaarbechter opzewäerten a nei ze qualifizéieren, woubäi de Waassertuerm an Pompelhaus an eben och eis Amicale Schmelzaarbechter eng dominant Roll solle spillen …
…. De Patrimoine culturel – de Patrimoine local eigentlech soll erhalen bleiwen: eis thematesch opgestallten sentier pédestre sinn oder solle ëm d’Séche vum Marxeweier ergänzt ginn …eis Moulin Bestgen (ech hunn et schonns gesot) bleift erhalen, an eist d’Beméien ëm de Patrimoine de la siderurgie – eigentlech ëm d’Liewen vun de Schmelzarbechter – ass zwar budgetär net fixéiert, bleiwt awer fir dëse Schäfferot an ech mengen och de ganze Gemengerot eng wichteg Prioritéit. Eisen Asatz fir zum Beispill d’Pompelhaus ronderëm de Waassertuerm als Musée ze transforméieren respektiv do eng zone d’attractivité, zone touristique anzeriichten deele mär mat villen aneren an dat soll och weider goen!
nieft dësen Projets hu mir mat David Ianni e musikalesche Projet am Bléckpunkt an de quasi Luechturmprojet soll den Eurofestival iwwerhuelen …
Ech wollt awer nach bäifügen, datt et bei Esch22 net nëmmen em Projeten am kulturelle Domaine geet … et geet och drëms eng nohalteg an durabel Entwécklung an dem ganzen Süden an och an eiser Gemeng ze ënnerstëtzen an ze promovéieren.
Mir gesinn dat esou, dass Schëffleng op der kultureller Landkaart an Zukunft ze fannen waert sinn. Do sinn mir gefuerdert, d’Schëfflenger Konschthaus wäert do seng Roll spillen an wäert eng Valeur ajouté fir d’ganz Gemeng ginn an doriwer eraus. Mir wäerten heimadder och nei Akzenter setzen fir eng qualitativ an heigwaerteg Konscht kennen ze promovéieren an d’Bierger dofir kennen ze begeeschteren, dest ouni den Hobbykünstler ze defavoriséieren. Am Géigendeel mir denken driwwer no, e quasi zousätzlechen Espace culturel zur Dispositioun ze setzen, fir eist kulturell Schaffen nach méi breet opzestellen.
Schlussdeel
Voilà dat wier et mat de Chiffes clés a mat eenzel Detailzuelen an Informatiounen. Merci nach emol allen Servicer bei der Opstellung vum Budget. Et ass e net einfach Akt an et gëtt och ëmmer méi schwiereg fir den Duerchbléck ze hunn.
Eis Budget léisst sech weisen: et ass den Opportunitéiten vun der Zäit Rechnung gedroe ginn, et ass e Budget mat neien Perspektiven a Chancen fir eis Gemeng, fir eis Bierger. Et ass e Budget fir eng aner, eng besser Liewes- a Wunnqualitéit.
Et ass e Budget, deen sech weise léisst. 45,92 Mio Recetten an 40,76 Mio Dépensen / 6,97 Mio Euro Recettes extraordinaires an op der Dépensesäit een Investitiounsvolummen vun 18,67 Euro. Ass dat da Näischt.
Zesumme mat de Boni présumé fir 2019 vun 7,5 Mio Euro ergëtt dat e Budget (ouni Zréckgräifen op Friemkapital, ouni neien Emprunt a mat engem Fonds de réserve vun 9,9) am Gläichgewicht mat engem Boni vun awer939 860,91!