Livre de condoléances à la commune
Mat grousser Trauer huet d’Gemeng Schëffleng d’Nouvelle vum Doud vum Grand-Duc Jean entgéintgeholl.
D’Gemeng Schëffleng dréckt der groussherzoglecher Famill vun Häerzen hiert Bäileed aus.
Mir soen dem Grand-Duc Jean Merci fir säin Asaz am Déngscht vum Land a fir säin Engagement fir all Bierger.
Fir déi Leit, déi dem Grand-Duc Jean méi perséinlech wëlle gedenken, läit bis de 4. Mee e Kondolenz-Buch an der Entrée vun der Gemeng. Do ka jidderee puer Wierder dra schreiwen.
Au revoir, Monseigneur!