E Merci fir de Muller
No 18 Joer professionnellem Tennis a 528 Victoiren huet de Schëfflenger Bouf Gilles Muller seng Rackett Enn August 2018 definitiv un den Nol gehaangen.
Säi Parcours, seng sympatesch Aart a Weis a seng aussergewéinlech Resultater verdéngen honoréiert ze ginn. Dofir huet d’Gemeng Schëffleng den 28. Mäerz 2019 op eng « Soirée de Distinction » invitéiert an dem « Mulles » ganz perséinlech MERCI gesot.
Fir him dee beschtméigleche Start a seng wuelverdéngte Pensioun ze vereinfachen, krut hien och puer Kadoen iwwerreecht.
Hei e puer Impressioune vum Owend: