17.10.2018

Bicherdeeg – Semaine du Livre

Dir sidd e richtege Bicherwuerm oder dir hutt Kanner déi vum Liese begeeschtert sinn, da verpasst net d’Bicherdeeg zu Schëffleng.

Vum12. bis den 19. Oktober ginn an der Salle Grand-Duc Jean, an der Gemeng, Bicher fir Grouss a Kleng ausgestallt a verkaf.

Mir géingen eis freeë wann dir bis laanscht luusse kommt.

                                                                                                                             

Vernissage Bicherwoch

De 15. Oktober war de Vernissage vun der Bicherwoch, déi all Joer an der Gemeng Schëffleng stattfënnt. Et haten sech eng ganz Partie Leit an der Salle Grand-Duc Jean zesummefonnt, fir och dëst Joer nees déi flott Bicher fir Kleng a Grouss ze entdecken.

Och déi méi Kleng, déi dem Liesen nach net mächteg sinn, hunn sech aktiv un der Bicherausstellung bedeelegt. Zesumme mat hire Jofferen hunn si flott Konschtwierker zum Thema Mieresdéiere gebastelt, déi während der ganzer Bicherwoch ausgestallt ginn.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch huet betount, dass d’Liesen an eiser haiteger Zäit immens wichteg wier, net nëmme fir déi digital Medien ze consultéieren, mee och fir dat traditionellt Bicherliese weiderhin ze fuerderen. Et wier wichteg, dass mir och an Zukunft eis Kanner géingen zum liese motivéieren.

All déi ausgestallte Bicher kënnen direkt „sur place“ kaf ginn. Een Deel vum Erléis fléisst nees zeréck an d’Schoulen, huet de Buergermeeschter betount. Dës Sue ginn un déi dräi Schëfflenger Schoulbibliothéiken.