08.10.2018

Commémoration Nationale 2018

Wei all Joer hat d’Regierung en Opruff un all d’Gemengen gemaach fir den éischten Weekend am Oktober un all d’Affer vum zweete Weltkrich tëschent 1940 /1945 ze gedenken.

Hei zu Schëffleng huet den 6. Oktober de Gedenkakt  mat enger Kranznéierleeung virum zentrale Monument op der Gemengeplaz ugefaangen, éier de Schäfferot op eng feierlech an ergräifend  Receptioun an  d‘„Salle Grand-Duc Jean“ invitéiert huet.

A senger Ried ass de Buergermeeschter Paul Weimerskirch nach emol op di schrecklech Zäit wärend dem Krich agaangen an huet drop higewisen  dass des Evenementer ni däerfen an Vergiessenheet geroden. Mär mussen den Jugendlechen vun haut erzielen an erklären wat deemools geschitt ass an dass et net selbstverständlech ass, dass mär haut a Rou a Fridden hei zu Lëtzebuerg kënnen liewen. Dofir sinn esou Gedenkfeieren ëmsou méi wichteg an et soll och an eisen Schoulen thematiséiert ginn fir dass di jonk Leit besser verstinn wat eis Elteren oder Grousselteren matgemaach hunn an fir eis d’Land gekämpft hunn.

E flotte Film realiséiert vun der AMCIS huet Privatleit a Vertrieder vun verschiddenen Associatiounen zu Wuert komme gelooss an sie gefrot welch Bedeitung den Dag vun der „Commémoration“ fir si huet a welch Erënnerungen si domat verbannen. ( Am Link ënnert dem Text ass de ganzen Film ze gesinn).

D’Schëfflenger Musek huet di ganz Feierlechkeeten musikalesch begleet an nom Spillen vun der Europa- an der Nationalhymne huet de Schäfferot op en Éierewäin invitéiert.

Link Vidéo