17.04.2018

Häerzlech Wëllkomm zu Schëffleng

Den 16. Abrëll 2018 hat de Schäfferot op déi traditionell „Soirée de Bienvenue“ an d’Salle Grand-Duc Jean invitéiert.

All Schëfflenger Neibierger deen am Joer 2017 d’Gemeng Schëffleng als seng nei Heemecht erausgesicht hat, war op dësen Informatiounsowend invitéiert ginn.

                              

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch mat den Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot huet d’Leit häerzlech begréisst an hinnen eng helle Wull vun wichtegen Informatiounen an Erklärungen iwwert eis Gemeng ginn.

Fir den Owend gemittlech auslafen ze loossen, huet de Buergermeeschter op e Patt invitéiert an d’Leit haten Méiglechkeet am Kontakt mat den Gemengeresponsabelen hir Froen ze stellen an eventuell Ureegungen ze ginn wat een nach an der Gemeng kéint verbesseren.