« We have seen… » – Ausstellung
Mënschen, déi wéinst Gewalt oder Krich hir Heemecht musse verloossen an op der Flucht sinn, musse gehollef kréien. A genau dat ass et wat d’asbl „Catch a Smile“ mécht. D’Membere vun der asbl reese regelméisseg op déi néideg Plaze fir Refugiéeë sur Place ze hëllefen, fir si mat Iessen, Gedrénks a Kleeder ze versuergen.
Dat wat si op hire Reesen a bei hiren Hëllefsaktioune gesinn an erlieft hunn, gouf an enger Fotosausstellung festgehalen. Dës Ausstellung gëtt tëschent dem 6. an 8. September 2017 op der Schëfflenger Gemeng an der Salle Grand-Duc Jean ausgestallt. De Vernissage vun der Ausstellung war de 5. September. D’Visiteure ware vun de beweegende Fotoen impressionéiert.
Déi ronn 125 Fotoen weise wéi d’Situatioun a verschiddene Grenzregiounen an Europa, wou d‘Réfugiéeë sech a grousser Zuel ophalen, ausgesäit a wéi d’asbl de Leit hëlleft a se net nëmme mat Kleeder oder Gedrénks versuergt, mee och probéiert hinnen e Laachen ze entlackelen, ebe genau wéi den Numm vun der asbl et scho seet „Catch a Smile“.