16.08.2017

75. Joer Streikgedenkfeier an hir Zäitzeien

Schëffleng gedenkt all Joer un den Generalstreik vum 31. August 1942. Dëst Joer ass et schonn den 75. Joresdag. Deemools haten eng ganz Partie Leit, wéinst dem Ausruffen vun der Zwangsrekrutéierung vun der Lëtzebuerger Jugend, géint den Nazi-Regime protestéiert an hier Aarbecht néiergeluecht.

Haut ginn et zu Schëffleng nëmmen nach wéineg Zäitzeien déi den Generalstreik den 31. August 1942 materlieft hunn. Ënnert hinnen ass den Jos Steichen. Hien huet beim Streik matgewierkt an huet dowéinst awer och missen schwéier Konsequenzen op sech huelen. Säin Jong den Viktor Steichen huet sengem Papp seng Geschicht opgegraff an beschäftegt sech elo säit méi wéi zéng Joer mat Recherchen ronderëm t sengem Papp seng Liewensgeschicht. Hien huet sech bereet erkläert eis an engem Gespréich iwwert d’Liewen an dat Erlieften vun sengem Papp ze erzielen.

An wéi enger Hisiicht war äre Papp um Generalstreik den 31. August 1942 bedeelegt bzw. wei ass en involvéiert ginn?

Den Gauleiter huet den 30. August 1942 d’Zwangsrekrutéierung vun der Lëtzebuerger Jugend aus de Joergäng 1920-1924 proklaméiert, spéider koumen nach déi vun 1925 an 1926 derbäi. Mäin Papp hat dëst am Radio héieren an huet sech doropshin den Dag duerno den 31. August virun d’Eecher Spidol gestallt an d’Léit opgefuerdert (de Leit déi op hier Aarbecht gaange sinn gesot: dir gitt elo schaffen a mir ginn agezunn) hier Aarbecht néier ze leeën an sech um Generalstreik ze bedeelegen. Hien war deemools knapps 17 Joer al. Hien hat seng Aarbecht och néier geluecht an ass den 31. August 1942 net schaffen gaangen. Zu dem Ament war hien Léierbouf am “Institut Emile Metz” wou en eng Léier als Schlesser ugefaangen hat.
Een vun den Grënn firwat hien sech mat um Streik bedeelegt hat war méiglecherweis och duerch säin Brudder
(Joergang 1918 [gebuer zu Schëffleng]). Dësen war zu Weimeschkiirch bei de Pompjeeën a gouf vun den Däitschen beim Flugabwehrkommando (Flak) agesaat. Mäin Papp krut doropshin vun sengem Brudder oft gezielt wat do sou geschitt. En plus hat säin Brudder Kontakt zu den Resistenzler zu Schëffleng. Dëst huet wahrscheinlech mat dozou bäigedroen, dass en sech fir den Streik engagéiert huet.

Hat hien net grouss Angscht, well en huet jo mat dëser Aktioun och säin Liewen riskéiert?

Natierlech hat hien Angscht, mee doriwwer huet en ni geschwat. Hien hat déi grouss Chance, dass en sou just nach kéng 18 Joer hat, soss wier en direkt ëmbruecht ginn. Esou ass et villen aneren ergaangen, déi sech um Streik bedeelegt haten. Ech mengen, deen Moment wou en virum Eecher Spidol stoung huet en net souwäit geduecht, wat d’Konsequenze kéinten sinn. D’Leit soen haut oft, wisou sinn d’Leit, déi zwangsrekrutéiert Jongen, deemools net einfach fortgelaf oder hunn sech verstoppt. Dat war net sou einfach wéi mir dat haut gesinn, well wann een Bouf aus enger Famill fortgelaf ass an sech verstoppt huet, dann ass direkt seng ganz Famill ënnert Generalverdacht gestallt ginn. D’Konsequenz dovunner war, dass eng ganz Partie Lëtzebuerger Famillen während dem zweeten Weltkrich emgesiedelt goufen. Soubal een sech géint den Regime gestalt huet war een net nëmmen selwer betraff mee ëmmer och déi direkt Famill.

Wat ass mat ärem Papp nom Streik geschitt? Wat huet hien do erlieft?

Déi ganz Aktioun vun mengem Papp ass opgeflunn, well vis-à-vis vun der Eecher Klinik den Sëtz vun der “Volksdeutschen Bewegung” (VdB) war. Hinnen war mengem Papp seng Aktioun natierlech direkt opgefall. Den 1. September 1942, wéi méin Papp op d’Aarbecht koum, hunn d’ Gestapo an Leit aus der Hitlerjugend schon’s op hien gewaart. En gouf mat an en Auto geholl an dunn ass en an d’Stad an d’Villa Pauly bruecht ginn. Hei huet en missen zwou Stonnen am Gang vun der Villa Pauly waarden bis en verhéiert gouf. Iwwerdeems hien do gewaart huet gouf en erniddregt an mësshandelt. No deenen zwou Stonnen angschtvollem waarden gouf en dunn endlech verhéiert. Dono goung et an de Gronn an den Prisong. Do gouf en véier Deeg an enger Bëtongszell vun 1,2 x 2,2 Meter agespaart, fir ze iessen krut en nëmmen Waasser an e Stéck Brout. Kuerz drop koum en op den Korridor an d’Zell 31. Hei am Gronn war nieft mengem Papp och den Mathias Koener, den deemolegen Direkter vun ARBED-Schëffleng, deen sech och fir den Generalstreik agesat hat, agespaart.

De Mathias Koener (*15.11.1883) war vum 8.9.1942 – 25.9.1942 am Prisong Lëtzebuerg-Gronn, war dunn vum 28.1.1943 – 3.3.1943 zu Hintzert. Hien ass um Transport fir zeréck an de Prisong an de Gronn un de Folgen vun den onmënschlechen Mësshandlungen an Entbierungen den 8.3.1943 gestuerwen.

Vum “Standgericht” gouf mäin Papp zu “Jugenderziehungslager”, “Arbeitsdienst” an “Dienst in der Wehrmacht” veruerteelt. Wéinst sengem jonken Alter ass en zum Gléck dem Doudesuerteel entgaangen. Nom Prisong am Grond koum en dunn op Ruwer bei Tréier an en “Erziehungslager” (Stroflager). Am Oktober 1942 goung et dunn fir hien op Gotenhafen a Polen an den “Arbeitsdienst”. Kuerz dono, Januar 1943 ass et fir hien dunn weider an d’”Wehrmacht” gaangen. An der Kasär zu Stuttgart-Zuffenhausen krut en eng Grondausbildung an kuerz dono gouf en an Russland un d’Front geschéckt op Dolbino. Am August 1943 bei enger Schluecht ëm Bjelgorod huet hien an nach een Lëtzebuerger d’Geleeënheet genotzt an sinn bei d’Russen iwwergelaf. No engem Verhéier vun den Russen an iwwert en laangen beschwéierlechen Wee koum en dunn an d’Gefaangenelager No. 188 zu Tambow an Russland. Hei huet een duerch en glécklechen Zoufall konnten als Infirmier am Lazarett agesat ginn. Zu Tambow sinn iwwer 1.000 Lëtzebuerger am Lager passéiert. Eng Partie vun den Jongen huet et net gepackt nom Krich nees Heem ze kommen. Insgesamt 13 Lëtzebuerger sinn am Lazarett vun Tambow-Stadt un hirer Krankheet oder Verletzung gestuerwen, an der Zäit wou mäin Papp do war. Am Juni 1944 hat sech am Lager zu Tambow an am Lazarett zu Kirsanow d’Rumeur breet gemaach, dass d’Lëtzebuerger an d’Fransousen entlooss géingen ginn. Wou mäin Papp awer vun Kirsanow dunn am Lager zu Tambow ukomm war, do waren d’Fransousen fort, mee d’Lëtzebuerger nach ëmmer do. De 7.7.1944 si 1.500 Fransousen vun Tambow fortgaangen, si sinn an Algerien an dem General de Gaulle seng Arméi gestach ginn, fir si ass de Krich nees viru gaang. Ënner deene 1.500 waren och zwee Lëtzebuerger déi sech als Fransousen ausginn haten. Si goufen nach net entlooss, well vun der Lëtzebuerger Regierung nach kéng offiziell Demande virlouch. Des Noriicht huet villen Lëtzebuerger Jongen den Liewensmutt geholl an si sinn nëmmi an d’Heemecht zeréck komm. De 29.September 1945 war et dunn awer fir mäin Papp esouwäit. Hien ass mam lëschten groussen Transport vun Tambow-Rada de 5. November 1945 op der Stater Gar ukomm.

Wat sinn är Gedanken wann dir sou iwwert d’Liewen, d’Handlungen an d’Erliefnisser vun ärem Papp nodenkt?

Dann muss ech ëmmer drun denken, wei positiv mäin Papp denkt. Hien huet net drun geduecht wat geschéien kéint. Hien huet gemaach an ass no vir gaangen. Säit deem mäin Papp mat mir iwwert seng Erliefnesser vum Krich geschwat huet ass et fir mech eng Passioun ginn, mech mat dem Thema auserneen ze setzen. Dobäi muss ech soen, dass hien ganz, ganz laang net mat mir doriwwer geschwat huet. Ech denken och, dass et wichteg ass fir déi Leit, déi dat ganzt erlieft hunn, dass déi Geschicht weider gedroe gëtt an och un déi méi jonk Generatiounen weider vermëttelt gëtt. Ech sinn mat mengem Papp dowéinst och an Schoulen gaangen, wou hien seng Liewensgeschicht den Schüler erzielt huet. Hien huet domat och Geschichtsproffen ugereegt mat hiren Schüler méi am Detail iwwert d’Lëtzebuerger am Krich a besonnesch iwwer d’Zwangsrekrutéierung ze schwätzen. Bis 2015 ware mir an verschiddenen Schoulen ënnerwee, dorënner am Aline Mayrisch, zu Dikrech am Kolléisch a besonnesch am Lycée technique Emile Metz wou hien seng Léier gemaach hat. Do hunn ech mat mengem Papp regelméisseg Froeronnen an Schoulen besicht, wou Schüler him konnten Froen zu sengen Erliefnesser stellen. Sou eng Geschicht un Schüler an jonk Generatiounen weider ze ginn ass an mengen An ganz wichteg.

(Vum 19.Mai bis 26.Mai 2018, an der Päischtvakanz, organiséiert d’Amicale des Anciens de Tambow nees eng Rees op Tambow. Hei ka Jidderee matgoen den sech fir d’Regioun Tambow, a fir Moskau interesséiert. (Max 28 Persounen.) Informatiounen Vik Steichen, 54 48 71 oder )