NATIONALFEIERDAG 2017 – RIED VUM BUERGERMEESCHTER ROLAND SCHREINER
Léiw Matbiergerinnen, léiw Matbierger, léiw Frënn,
Fir d’alleréischt wëll ech Iech alleguerten emol am Numm vum Schäffen- a Gemengerot en häerzleche Merci soe fir Är grouss Präsenz haut den Owend an Är Participatioun un eise Festlechkeeten um Virowend vun Nationalfeierdag. Des Festlechkeeten si gläichzäiteg den Optakt vun eisem „Schëfflenger Fest“, e Fest, wat mëttlerweil zu enger flotter Traditioun ginn ass, wou d’Leit sech begéinen, matenee schwätzen an d’Suerge vum Alldag hannerun sech loossen. E Fest wat wéi déi Jore virdru mat engem flotte Programm ganz secher an enger flotter Ambiance wäert stattfannen.
Di 14. Editioun vun eisem Fest, grad wéi och d’Feierlechkeeten vun haut den Owend, sinn eemol méi eng gutt Geleeënheet fir zesummen ze feieren, mat all eise Bierger a mat all eise Frënn, op Lëtzebuerger oder Auslänner. Schëffleng am Joer 2017, dat ass eng staark, selbstbewosst a modern Gemeng mat ronn 10.500 Awunner, 1.050 Schoulkanner, méi wéi honnert Veräiner an onzieleg Leit, déi am Benevolat am Interêt vun eiser Gesellschaft schaffen. Si all verdéngen eise Respekt. An ech muss soen, et ass flott ze gesinn, wéi mer et hei zu Schëffleng fäerdeg bréngen friddlech zesummen ze liewen an dat mat enger grousser sozialer Verbonnenheet. Schëffleng wibbelt, Schëffleng lieft! A wann den 3.Juli den Tour de France hei zu Schëffleng passéiert, wëlle mer dat op e Neits ënnermaueren.
A mat grousser Wahrscheinlechkeet ass dann och mam Ben Gastauer e Schëfflenger Jong am Peloton. De Ben Gastauer am Tour de France, de Miralem Pjanic an der Final vun der Champions League am Fussball, an de Gilles Muller, de Mulles, de leschte Sonnden Gewënner vu sengem 2. ATP-Turnéier am Tennis a Nummer 26 an der Weltranglëscht! Jo, och dat ass Schëffleng, an dat ass eenzegaarteg. De Ben, de Mira an de Gilles si groussaarteg Ambassadeure vun eiser Gemeng an der ganzer Welt. Schëffleng ass houfreg op sie an hier Leeschtunge sollen och op engem Dag wéi haut gewierdegt ginn!
Léiw Frënn!
De Nationalfeierdag ass a bleift fir eis e ganz besonneschen Dag, en Dag mat enger grousser Symbolik. Mer feieren den Dag vun eiser houfreger Natioun déi fräi an eegestänneg as. Eis Eegestännegkeet an eis Fräiheet hu mer eis virun 72 Joer eremerkämpft, a well mer erfuer hun wat et heescht onfräi ze sinn, a vill vun eise Leit fir des Wäerter bereet waren hiert Liewen ze afferen, sollte mer och haut nach hinne mat Dankbarkeet a Respekt géintiwwerstoen. Och dat maache mer op engem Dag wéi haut.
An och wa mer haut eegestänneg sinn, si mer trotzdeem en Deel vun Europa. En Europa deem et eigentlech wirtschaftlech ganz gutt geet, en Europa awer och wou net alles esou ass wéi et soll sinn. Trotz ekonomeschem Wuesstem hu mer vill Chômage an e Gruef tëschent Räich an Aarm deen ëmmer méi grouss gëtt. An eiser Gesellschaft ginn et ganz vill sozial Problemer, déi eis net kënne gläichgülteg sinn. Eng räich Gesellschaft wéi eis däerf sech eigentlech déi sozial Problemer net leeschten, a muss de politesche Wëllen opbréngen a sech d’Mëttele ginn des Problemer ze behiewen.
Europa garantéiert eis awer och Fridden a Fräiheet. Elleng dat ass et derwäert un dëst Europa ze gleewen. Des Fräiheet gëtt awer och ëmmer erëm nees a Gefor bruet. Eist Liewe gëtt ëmmer méi vu Gewalt an terroristeschen Uschléi bestëmmt. An dat beonrouegt eis. D’Fräiheet fir eist Liewen esou ze gestalten wéi dëst an enger demokratescher Gesellschaft eigentlech Usus ass, steet um Spill. Radikaliséiert Leit, meeschtens Jonker ouni Perspektiven a vu blannem Haass gedriwwen, hunn sech virgeholl eis Gesellschaft ze terroriséieren a Liewen ze zerstéieren. Den Terrorismus ass globaliséiert a kennt keng Grenzen. Dass dëse Phänomen muss bekämpft ginn ass kloer, allerdéngs mussen dobäi net nëmmen d’Symptomer, mee och d’Ursaache bekämpft ginn.
Haut ass awer och en Dag fir eemol méi drop opmierksam ze maachen, dass et och haut bei eis Leit gëtt, deenen et net esou gutt geet. Déier, déi keng Aarbecht hun oder um Mindestloun liewen, di kleng Renten hun, déi keng anstänneg oder guer keng Wunneng fannen oder bezuele kënnen, déi aal a krank sinn an di kee Mënsch hun, deen no hinne kuckt. Oder di vill behënnert Leit an eiser Mëtt déi eis Ënnerstëtzung brauchen. An et ginn ëmmer méi Leit an eiser Mëtt, déi der Aarmutsgrenz ëmmer méi no kommen. Et ass duerfir wichteg, dass mer weider alles drusetze fir eis sozial Strukturen an eiser Gesellschaft auszebauen an ze verbesseren.
Den Dag vun haut ass och eng gutt Geleeënheet all deene Leit Merci soen, déi sech dagdeeglech am soziale Beräich engagéieren. Pompjeeën, Protection Civile, Hëllefsorganisatiounen, speziell och déi, déi sech an der Flüchtlingshëllef engagéiert hunn, ONG’en asw, si all verdéngen eisen déifste Respekt. Iwwert eis asbl „Schëffleng hëlleft“ hu mer an deene leschten 12 Joer 260.000 € u Leit verdeelt deenen net esou gutt geet wéi eis, an der Drëtter Welt, am Ausland an och hei zu Lëtzebuerg. En décke Merci un all déi Léit déi eis mat hiren Don’en dat erméiglecht hun. An en décke Merci och un all déi Leit déi sech an eise Veräiner benevole engagéieren! Et ass wichteg, dass mer an eiser Gesellschaft vun haut, an och an der Zukunft, „Solidaritéit“ mat groussem „S“ schreiwen!
Léiw Frënn!
Esou en Dag wéi haut, ass awer och eng gutt Geleeënheet no vir ze kucken an eis Gedanken em eis Zukunft ze maachen.
Nohaltegkeet ass a bleift déi wichtegst Äntwert op déi zukünfteg Erausfuerderungen. Duerfir musse mer och an der Zukunft de Schutz vun der Natur an de natierleche Ressourcen an de Mëttelpunkt vun eiser Aarbecht stellen. Well ouni eng propper Ëmwelt gëtt et och keng gutt Liewensqualitéit. Zenter Joren maache mer just an deem Beräich hei zu Schëffleng eng virbildlech Aarbecht. An dat gouf eis confirméiert, wéi mer virun 2 Joer zu Leipzig als eng vu 4 Lëtzebuerger Gemengen mat engem europäesche Präis, dem „European Energy Award Gold“ duerfir ausgezeechent goufen.
Schëffleng huet sech an deene leschte Joren zu enger moderner an attraktiver Gemeng entwéckelt. Dorop däerfe mer roueg houfreg sinn. Dëse Prozess ass awer nach laang net ofgeschloss. Schëffleng wäert an deene nächste Joren säi Gesiicht nach weider veränneren. Mer sinn duerfir amgang eis Gemeng souwuel infrastrukturell wéi och organisatoresch op des Erausfuerderungen virzebereeden. De Moment hu mer ganz vill Chantier’en an eiser Uertschaft, a wou gehuwwelt gëtt falen och emol Spéin. Mee des Chantier’en si noutwendeg, well mer wëllen, dass och an der Zukunft eis Biergerinnen a Bierger sech hei zu Schëffleng wuel fillen an optimal Liewenskonditioune virfannen.
Déi urbanistesch Neigestaltung vun eisem Zentrum am Kader vun der Ofschafung vun de Barrièren, déi 2019 definitiv verschwannen, verbonnen mat der Schafung vu neie Parkméiglechkeeten, Wunnengen a Geschäftsraim, déi zukünfteg Notzung vun de fréieren Industriebroochen, wou mer als Gemeng un alle politeschen a strategeschen Entscheedungen bedeelegt sinn, an eis Bedeelegung um Projet „Kulturhaaptstad 2022“, si Chancen déi mer solle notzen. An deem Zesummenhang kann ech Iech confirméieren, dass mer am Joer 2022 nees den Eurofestival hei zu Schëffleng wäerten organiséieren.
Eis Sport- a Schoulinfrastrukturen gi kontinuéierlech moderniséiert, fir eis eeler Leit an eis Jugend kënne mer ganz vill ubidden, dat neit Kulturhaus mat ënnerierdeschem Parking op der „Place Grande-Duchesse Charlotte“ wäert eis um kulturelle Plang nei Méiglechkeeten bidden, d’Aarbechten um Amenagement vum Vëloswee tëschent den „Hudelen“ an dem Zentrum hunn ugefaangen, an am Hierscht fänken d’Aarbechten un der neier Gewerbezone „Op Herbett“ un.
Eis Ambitioun ass dat staarkt a selbstbewosst Schëffleng, dat sech hannert kenger aner Gemeng hei am Land brauch ze verstoppen, weider no vir ze bréngen. Di weider Entwécklung vun eiser Gemeng ass e kontinuéierleche Prozess, wou et wichteg ass Verantwortung ze iwwerhuelen a kloer Decisiounen ze treffen.
Dir Dammen an Dir Hären, léiw Frënn,
Haut, um Virowend vu Nationalfeierdag, wëlle mer awer virun allem zesumme feieren. Ech wëll eiser Kultur-, Sport-, a Fräizäitkommissioun, an all eise Gemengeservicer, Merci soen fir déi ganz Organisatioun, e Merci geet awer och un all eis Veräiner, déi sech eemol méi bereet erkläert hunn, bei dësem Fest mat ze maachen.
Sou en Dag wi deen vun haut, ass eng gutt Geleeënheet am Respekt un déi ze erënneren, déi fir eist klengt Land Lëtzebuerg d´Symbol vu senger Eegestännegkeet a senger Fräiheet sinn.
Eisem Grand Duc Henri a senger Famill wënsche mer op dësem Dag alles Guddes fir d’Zukunft an e weidert erfollegräicht Schaffen am Déngscht vun eiser klenger Natioun.
An Iech alleguerten wënschen ech e schéinen Nationalfeierdag an e flott Schëfflenger Fest!
Vive de Grand Duc !
Vive Lëtzebuerg !
Vive Schëffleng !