15.03.2017

Mme Anna Günther-Giacomini huet hir 90 Joer gefeiert

Zesummen mat hiren Bouwen Romain an Alain an der ganzer Famille konnt d’Mme Anna Günther-Giacomini kierzlech op hiren 90sten Gebuertsdag ustoussen.

Gebuer gouf d’Mme Günther den 7. Mäerz 1927 zu Esch wou si sech dann och den 12.02.1953 mam Raymond Günther bestuet huet.

1956 ass d’Koppel op Schëffleng wunne komm. 16 Joer laang hunn si an der „Cité E.Mayrisch gewunnt“ éier si an d’Ellerstroos geplënnert sinn, wou si och haut nach wunnen.

D’Jubilarin ass ganz houfreg dass si 4 Enkelkanner a eng Urenkelin zu hirem erweiderten Familljekrees kann zielen.

De Buergermeeschter Roland Schreiner, d‘Schäffe Paul Weimerskirch a Carlo Feiereisen, d’Vertrieder vun der Seniorenkommissioun an dem Syndicat d’Initiative, hunn der nach ganz rüsteger Jubilarin di allerbeschte Gléckwënsch vun der Gemeng entgéint bruet.

Mär wënschen der Mme Günther nëmmen dat Bescht an hoffen datt si bei gudder Gesondheet nach vill Joren am Krees vun hirer Famill kann verbréngen.