09.01.2023

Formatioun Animateur A (16 – 30 Joer)

D’Gemeng Schëffleng proposéiert och 2023 an Zesummenaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus dës Formatioun. Domat kann ee spéider als Animateur/Animatrice un Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher an de Schoulvakanzen deelhuelen an zesumme mat de Responsabelen Aktivitéiten organiséieren, duerch féieren an d’Participante begleeden.

D’Formatioun gëtt vum Service Nationale de la Jeunesse zertifiéiert a fënnt zu Schëffleng an an der Ëmgéigend statt.

Schwéierpunkte sinn:
– Rôle vum Animateur

– Entwécklung vu Kanner an Jugendlechen

– Kommunikatioun

– Sécherheet a Risiken

– Handlungsméiglechkeeten a schwierege Situatiounen

– Ëmgang mat Konflikter

– Éischt Hëllef

– Gesond Iessen

– Aktivitéitsspezifeschen Input


Datumer 2023:

– 25. an 26. Februar

– 25. an 26. Mäerz

– Teamdag 03. Juni

– 2 Deeg Ministage am Schëfflenger Jugendhaus,
d’Datumer heifir gi mam Animateur zesumme festgeluecht.

Umeldung
bis den 31. Januar iwwer Info@schëfflenger-jugendhaus.lu

Präis 55€