Résultats de la recherche de:
associations locales
1604 CLASSICS
Eise Veräin huet als Aktivitéit dei al Lokomotiven a Ween vun den CFL déi dem Service des Sites et Monuments Nationaux gehéieren ze restauréieren, se a betriibsfähegem Zoustand ze halen a sech ëm hir Exploitatioun ze këmmeren. Mir wëllen eis och fir en Eisebunnsmusée um Site vun ARBED Esch/Schëffleng asetzen.
A.C.A.S – ASSOCIATION DES COMMERCANTS ET ARTISANS DE SCHIFFLANGE
Mir sinn de lokale Geschäfts- an Handwierkerverband säit 83 Joer mat 73 aktiv an 9 anciens Membren.
Eis Haapt-Aktivitéite sinn: Ouschtere schenke mär eise Klienten Schokolas-Eer, eis Braderie den 1.Weekend am Mai, e Stroossemoart Mëtt September, Kiermesbal 2.Samsdeg am November (Martinsdag), Aktioun Chrëschtbeemecher, etc. Desweideren huele mär un allen offiziellen Manifestatiounen vun der Gemeng deel (Te deum a Feierlechkeeten fir National-Feierdag, Streikgedenkfeieren, AG SIT, Konzerten, etc.)
A.C.F.L.-JEUNES MAMANS
De Veräin Jeunes Mamans besteet aus motivéierte Fraen/Mammen, déi iwwert d‘ganzt Joer flott Aktivitéite fir Kanner vun all Alter organiséieren (z.B. Fuesparty, Kasperletheater). Mat hirem traditionnellen Intefësche si si op ville Fester zu Schëffleng vertrueden.
A.P.A.S.E.
Association pour la Promotion des Activités Socio-Educatives A.s.b.l.
AARBECHTER-ENNERSTËTZUNGSVERÄIN
ALLIANCE DES CHINOIS-SCHIFFLANGE
AMCIS-VIDEO ASBL
Amateurs Cinéastes: Eise Filmclub hält am Bild an Toun e Maximum vun de sportlechen, kulturellen a lokalen Aktualitéiten aus der Gemeng Schëffleng fest fir se och z’archivéieren. Eege Filmproduktioune ginn och geleegentlech gemaach an eise Veräin ass och säit 1954 an der nationaler Federatioun „Fédération Luxembourgeoise du Cinéma d’Auteur“ ( F.G.D.C.A.) zu Lëtzebuerg ageschriwwen.
AMICALE CIS SCHIFFFLANGE ASBL
L’amicale des membres du centre d’intervention de Schifflange, regroupe les membres actifs et anciens membres du centre d’intervention de Schifflange (membres de l’ancien Corps des sapeurs-pompiers, de l’ancienne Protection Civile et de l’ancienne Administration des Services de Secours).
Le but de l’asbl est de maintenir la cohérence sociale et le contact entre les membres actifs et les anciens membres et créer une ambiance et des conditions conviviales permettant aux membres actif d’effectuer leurs services dans les meilleures conditions possibles.
AMICALE DES JEUNES COUREURS CYCLISTES DE SCHIFFLANGE
D’Amicale des Jeunes coureurs Cyclistes ass en Deel vum Velosclub a bekëmmert sech ëm d’Velosschoul, wou Kanner léiere mam Velo eenz ze ginn. Si léieren op deels spilleresch Aart a Weis de Velo ze beherrschen am Bësch an op der Strooss. Si kënnen och bei Kannercoursë matmaachen. Duerno kënne se mat Hëllef vun Trainer am Velosclub trainéieren a bei méi grousse Coursë mat fueren.
AMICALE SCHËFFLENGER QUARTIER
Le but de l’amicale est de réunir les habitants actuels et anciens de la rue de l’Industrie (“Quartier Italien”)
Organisations de toutes sortes (excursions, soirées, réunions) pour assurer le contact entre tous les membres
