Pour carnaval aussi RAOUL – celui qui conduit ne boit pas!
Posts Categorized: Archive
D’Gemeng Déifferdeng an Zesummenaarbecht mat der Jugendkommissioun an dem Jugendtreff Déifferdeng organiséiere vum 11.-19. Mee 2019 déi 17. Editioun vun der Expo “Jugendkonschtwoch” am 1535 Creative Hub zu Déifferdeng.
Si sichen nach jonk Exposanten, déi wëlle matmaachen. D’Aschreiwung geet bis de 17. Mäerz
Veuillez noter les changements suivants concernant les horaires des trains et des bus à l’occasion de la fermeture du tronçon de la ligne Luxembourg – Bettembourg les dimanches 24.02., 03.03., 17.03. et le week-end du 09.03. – 10.03.
L’Administration communale de la ville d’Esch-sur-Alzette vous informe que dans le cadre de la création des zones de protection de captages d’eau potable, le Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable ainsi que l’Administration de la gestion de l’eau vous invitent à une soirée d’information sur les futurs règlements grand-ducaux portant création des zones de protection des captages d’eau destinée à la consommation humaine:
Le Mardi 26 février à 19:00 dans la « Salle des séances » de l’Hôtel de Ville
D’Schëfflenger Sektioun vun der LASEP organiséiert wärend der Woch vum 25.03.2019 bis den 29.03.2019 d’Semaine de la Solidarité pour le Télévie.
D’Kanner kënnen déi Woch an hire Sektiounen en “Don” fir den Télévie maachen.
Am Kader vum Projet “Modernisation du Bassin d’Eau Weimeschköppchen” ginn am Laf vun dëser Woch Beem an der Enceinte vum Baseng ewechgeholl. Passt w.e.g. op, wann Dir do an der Géigend ënnerwee sidd.
Merci fir d’Versteesdemech!
Dir Dammen an Dir Hären,
Mir informéieren Iech mat dësem Schreiwes, datt am Kader vum Chantier vun eiser Vëlospiste, d’ Firma Guy Gardula eng Bréck op der Héicht vun der Eisebunnsbréck an der Kanalstrooss setze wäert an dat vun Mëttwochs den 20. Februar bis Donneschdes den 21. Februar tëschent 07.00 Auer an 17.00 Auer.
D’ Déviatiounen fir d’ Foussgänger an de Verkéier ginn beschëldert.
fir d’Bild ze vergréisseren 2x drop klicken
Fir all weider Renseignementer, zéckt nët eisen Service des Tavaux Neufs et des Infrastructures unzeruffen (Här Skrijelj Tél. : 54 50 61-409).
Mir zielen op Äert Versteesdemech.
De Schäfferot
Paul Weimerskirch, Buergermeeschter
Albert Kalmes, Schäffen
Marc Spautz, Schäffen
Carlo Lecuit, Schäffen
Chers riverains
Par la présente, nous tenons à vous informer que dans le contexte du chantier de la construction d’une piste cyclable, l’entreprise Guy Gardula procédera à la mise en place d’une passerelle dans la rue du Canal à la hauteur du pont ferroviaire, et ce du mercredi 20 février 2019 jusqu’au jeudi 21 février 2019 entre 07h00 et 17h00.
Une déviation pour la circulation routière et piétonnière sera mise en place.
pour agrandir l’image cliquez deux fois dessus
Pour tout renseignement supplémentaire, n’hésitez pas à appeler notre service des travaux neufs et des infrastructures (M. Skrijelj Tél. : 54 50 61-409).
Tout en comptant sur votre compréhension, nous vous prions d’agréer, Mesdames, Messieurs, l’expression de nos sentiments distingués.
Le collège échevinal
Paul Weimerskirch, bourgmestre
Albert Kalmes, échevin
Marc Spautz, échevin
Carlo Lecuit, échevin
Den 13. Februar 2019 huet de Schäfferot säi Personal, dat op mannst säit 20 Joer am Déngscht vun der Schëfflenger Gemeng steet, op eng offiziell Feier an de „Centre Associatif Am Rit“ ageluede fir hinne Merci ze soen fir hir trei Aarbecht.
Am Laf vum Owend huet de Buergermeeschter Paul Weimerskierch, ënnerstëtzt vu senge Schäffen Albert Kalmes, Marc Spautz a Carlo Lecuit, sou wéi ville Gemengerotsmemberen, fënnef Verdéngschtauere verdeelt.
Ënnert dem Gemengepersonal goufe geéiert:
- D’Madame Manon Hopp, Aide-concierge an der Lydie Schmit Schoul
- Den Här Marc Welter, Chauffeur am Gemengenatelier – Equipe Transport/Montage
- Den Här Roberto Lepidi, Viraarbechter am Gemengenatelier – Equipe Transport/Montage
Beim Service Enseignant kruten hir verdéngten Aueren:
- D’Madame Nadine Milbert-Bettendorf, Léierin am Zykel 2.1 an der Albert Wingert Schoul
- Den Här Steve Theodor, Schoulmeeschter am Zykel 4.2 an der Lydie Schmit Schoul
Och eng „Montre de mérite“ fir hir zwee Jorzéngten am Gemengerot kruten:
- De Paul Weimerskirch, Buergermeeschter
- De Marc Spautz, Schäffen
Nom offiziellen Akt, konnt d’Gesellschaft bei engem Iessen den Owend gemittlech ausklénge loossen.
