De Schoulbuet 2022/23 ass do!

An der Rubrik vun eise Publikatioune fannt Dir elo och de Schoulbuet, deen all d’Eltere vun de Schëfflenger Schoulkanner ausgedeelt kruten.

Hei fannt Dir eng Hellwull u wichtegen an intressanten Infoen, déi d’Schoulwiesen an der Gemeng betrëfft. Virun allem d’Thema vun der Bildungslandschaft gëtt an dëser Editioun beliicht, well de Chantier ronderëm d’Lydie Schmit Schoul eng Rei Ännerunge mat sech zitt.

Wann Dir Renseignementer iwwert den Inhalt braucht, mellt Iech roueg beim Schoulservice /Service scolaire.

Vill Spaass beim Liesen!