Als Benevole bei Esch2022: Gëff och du ee Remixer

Maach mat bei dësem groussen, aussergewéinleche Projet a kuck hannert d’Kulisse vun der “Kulturhaaptstad” am Joer 2022. Looss dech matrappe vun der Ambiance an dro dozou bäi dass dëst Joer een Erfolleg gëtt fir déi ganz Regioun.

Esch2022 ass op der Sich no Fräiwëlleger (eleng oder als Grupp) fir bei der grousser Ouverture samschdes, de 26te Februar 2022 ze hëllefen.

 

Wichteg ass:

– Du bass mindestens 18 Joer al (e Maximum gëtt et keen),

– Du bass disponibel samschdes, de 26te Februar 2022,

– Du bass motivéiert.

 

Wann s du interesséiert bass, da maach mat bei engem vun de ZOOM Meetings, déi deemnächst stattfannen:

 

Affiche remixer_FR