Sk8ting Girls

Du interesséiers dech fir Skateboarding?
Du géifs gäre bei eise Workshops matmaachen (Skateboarding, Longboarding, Graffiti, Upcycling)?
Oder du wëlls einfach e flotten Nomëtteg mat Musik, Demonstratiounen a gudder Laun verbréngen?

Da komm de 25. September vun 13.00 bis 18.00 Auer an de Schëfflenger Skatepark!

D’Aktivitéite sinn op fir jiddereen, Meedercher a Jongen, ob méi laang Aktiver oder Ufänger an Ufängerinnen.
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.
Den Event ass als Covid-Check-Event agedroen.

« Sk8ing Girls » gëtt am Kader vum Internationale Meederchersdag (11. Oktober 2021) organiséiert an et geet an éischter Linn drëms fir de Skateboard, e Sport dee vun de Männer a Jongen dominéiert gëtt, och bei de Meedercher méi bekannt ze maachen.

Kommt laanscht a maacht mat!