Den «Eichenprozessions- spinner» ass erëm ënnerwee !

Den « Eichenprozessionsspinner » ka fir gesondheetlech Problemer bei Mënsch an Déier suergen, dofir opgepasst!

Prinzipiell kann den « Eichenprozessionsspinner » iwwerall do virkomme wou Eeche stinn. Passt also speziell bei denen Bëem op! Et sinn och Vullenhaisercher opgehaange ginn, d’Villercher sinn nämlech déi natierlech Feinde vun de Raupen. Laanscht d’Vëlospiste Richtung Näerzeng sinn d’Näschter vun de Raupen ewech gemaach ginn. Op weider Platzen, déi der Gemeng bekannt sinn, ginn d’Näschter wechgeholl oder si ginn esou gutt wéi méiglech gekennzeechent.

copyright photo: emwelt.lu